Let's engineer 2012

36
engineer. Let’s Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

description

ANEIL Let's engineer 2012

Transcript of Let's engineer 2012

Page 1: Let's engineer 2012

engineer.Let’s

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeoiswww.aneil.lueditioun 2012

Page 2: Let's engineer 2012

Virwuert

Ingenieur

Architekt

Bauingenieur

Bioingenieur

Chemiker

Elektroingenieur

Ëmweltingenieur

Geometer

Informatiker

Maschinnebauingenieur

Mathematiker

Physiker

Verfahrenstechniker

Wirtschaftsingenieur

ANEIL

1

2-3

4-5

6-7

8-9

10-11

12-13

14-15

16-17

18-19

20-21

22-23

24-25

26-27

28-29

30-31

Page 3: Let's engineer 2012

Léif Schülerinnen a Schüler,

fir déi meescht vun iech gëtt et Zäit sech Gedanken ze maache

wat dir no ärer Lycéeszäit wëllt studéieren. Dofir ass et wichteg

sech z’informéiere wéi dee jeweilege Studium a besonnesch

d’Méiglechkeeten am spéidere Beruffsliewen ausgesinn. Dës si

besonnesch am Ingenieurberäich immens villfälteg.

Dofir stelle mir iech an dëser klenger Broschür déi verschidden

Domainer vum Ingenieurswiese vir an erkläre mat wat dir iech als

Ingenieur no engem gewëssene Studium wäert befaassen. Et ass

awer och ganz wichteg ze soen dass ee spéider am Beruff net

nëmmen a sengem studéierten Domaine villsäiteg Méiglechkee-

ten huet, mee dass déi verschidden Domainer sech ëmmer och

iwwerschneiden. Genausou ass et net selten dass Ingenieuren a

Beräicher schaffen déi op den éischte Bléck

wéineg mat hirem Studium ze dinn hunn. Sou kann et sinn dass

ee Bauingenieur am Energiewiese schafft oder ee Maschinnebau-

er op enger Bank. D’Denkweis vum Ingenieur a seng Art a Weis u

Problemer erunzegoen a se ze léisen sinn et déi gefrot sinn.

D’Méiglechkeete sinn also onendlech an Ingenieure si gesicht a

wäerten och an Zukunft ëmmer méi gesicht sinn.

Ech hoffe mir kënnen iech mat eiser Broschür an eisen Erfahr-

ungen an ärer Beruffswahl ënnerstëtzen an iech fir den interes-

sante Beruff vum Ingenieur begeeschteren.

Max Schmitz

President vun der ANEIL

Virwuert

Page 4: Let's engineer 2012

Wat mécht en Ingenieur?

De Begrëff Ingenieur kënnt aus dem Mëttelalter an staamt vum

laténgesche Wuert “ingenium” of, wat esou vill wéi “produktive

Geescht” bedeit. Den Ingenieur haut ass en Erfinder an e

Problemléiser. An sengem Beruff muss den Ingenieur Léisungen

zu Problemer technescher Natur fannen déi him gestallt ginn.

Dobäi muss den Ingenieur oft “ëm den Eck” denken a kreativ sinn.

Fir d‘Problemer ze léise benotzt den Ingenieur d‘Mathematik a

physikalesch Gesetzer. Hautdesdaags kann den Ingenieur ganz

oft schonn op Technologien a Methoden zréckgräifen déi aner

Ingenieure virun him schonn entdeckt oder entwéckelt hunn.

Deemno muss den Ingenieur haut oft déi al Technologien a

Methode verbesseren oder se dem Problem deen sech him

grad stellt upassen.

Et ass wichteg dass en Ingenieur zum Asaz kënnt, ier ee Produit

oder ee Projet agesat oder fäerdeggestallt gëtt, well hie capabel

ass de Realfall scho virun dem Abetribhuele bzw. Bauen ze

berechne bzw duerzestellen. Sou gëtt verhënnert, dass de Projet

oder de Produit en Desaster ginn.

Schlagwuert : Teamwork

Hautdesdaags kann net méi eng Persoun alleng déi ganz

Aarbecht maachen déi néideg ass fir en Projet an enger

gewësser Zäit an an engem gewësse Budget ze entwéckelen

an duerchzeféieren. Dofir schafft den Ingenieur, wann en an

enger Firma schafft (an net als selbstännegen Ingenieur (zum

Beispill als Gutachter)), an engem Team mat anere Mënschen

zesummen déi oft aus ganz anere Beräicher kommen. Et ass

haut zum Beispill ëmmer wichteg och de wiertschaftlechen

Aspekt vun enger Entwécklung ze bedenken an dofir ass bei der

Entwécklung och ëmmer een dobäi deen sech an deem Beräich

auskennt. Oder et si juristesch Aschränkungen ze beuechten a

woufir et och Spezialiste gëtt mat deenen den Ingenieur muss

zesummeschaffen. Den Ingenieur muss also net nëmme säi Fach

kenne mee och an der Lag sinn mat anere Mënschen ëmzegoen.

Eng aner Méiglechkeet als Ingenieur säi Geld ze verdéngen

ass fir sech selbstänneg ze maachen. Dann kann een en

sougenannten Ingenieursbüro grënnen. Dës Büroe bidden oft

de Service un fir engem Laie Berechnungen ze maachen déi

Ingenieur

Page 5: Let's engineer 2012

dësen net selwer maache kann. Oder den Ingenieursbüro hëlleft

Firmen déi selwer net den néidegen Know-How hunn.

Wéi kann ech Ingenieur ginn?

Fir kënnen Ingenieur ze ginn, muss ee studéieren.

Nom Studium ass een dann e Bachelor/Master of Science wann

een op enger Universitéit oder enger technescher Héichschoul

säin Ofschloss mécht oder e Bachelor/Master of Engineering

wann een den Ofschloss op enger Fachhéichschoul mécht.

(Fréier huet den nämmlechten Ofschloss Diplom Ingenieur

geheescht)

Wat léieren ech an deem Studium?

Den Ingenieur muss virun allem ee Wëssen an der Mathematik

an an der Physik hunn, dofir gëtt am Studium dorops ee grousse

Wäert geluecht. Dëst ass fir all Ingenieur dat wichtegst a gëtt

dofir och an all Studiegang geléiert.

Bal genau sou wichteg ass et dono Methoden, Theorien an aner

fachspezifesch Kompetenze bäibruecht ze kréien. Dës Kompetenze

si vum Ingenieursberäich ofhängeg mee als gemeinsam Basis

hu se all ee wëssenschaftlechen Hannergrond. Si sinn dofir do,

dass den Ingenieur seng Aarbecht dono méi effizient ka

maachen, well hie weess wéi en sech am Beschten uleet fir déi

gestallten Aufgab ze léisen.

Wéieng Ingenieure ginn et?

Et gëtt vill verschidden Ingenieuren. Dëst sinn awer oft nëmmen

extra Nimm fir net ganz sou extra Kompetenzen. Déi meescht

Ingenieuren hunn eng vun den 3 grousse Richtunge Maschinne-

bau, Bauingenieur an Elektroingenieur studéiert an sech da

während hirem Studium an déi Richtung spezialiséiert. Op

deenen nächste Säite wëlle mir dir all Ingenieursrichtung e

bësse méi genau virstellen.

Page 6: Let's engineer 2012

Wat mécht en Architekt?

D’Architektur ass breet gefächert. Haaptsächlech befaasst sech

en Architekt mat Gebaier, ëffentleche Reim, Landschaft,

Urbanismus ma och de Bannenausbau, d’Technik, generell

Gestaltung, a fachlech Berodung falen an den Zoustännegkeets-

beräich vum Architekt.

De Client, egal ob e privaten oder ëffentleche Bauhär, kontakté-

iert den Architekt, ier béid dann zesummen e Projet ausschaffen.

D’Wënsch vum Client a Kombinatioun mat de Bedéngunge vum

Terrain, gi vum Architekt mam Bautereglement vun der jeeweile-

ger Gemeng ofgestëmmt. Doduerch ass all Projet eenzegaarteg,

a passt genau zu dem Client a sengem Grondstéck.

Nodeems éischt Skizzen a Maquetten dem Bauhär presentéiert

ginn, entsteet no an no eng definitiv an ëmmer méi detailléiert

Versioun vum Gebai, dem Raum oder dem Konzept.

De Bauhär kann den Architekt beoptragen, fir e komplette Projet

ze realiséieren, en huet awer och d’Méiglechkeet, fir den

Architekt nëmme mat eenzele Phasë vum Projet ze chargéieren,

wei z.B. vum Entworf bis zur Autorisatioun, d’Ausféierungspläng,

d’Ausschreiwungen an den Optrag vu Firmen oder

d’Bauleedung an d’Exekutioun.

Deemno ass d’Tätegkeet vum Architekt vu Projet zu Projet

ënnerschiddlech. Ausserdeem ginn et nach Ënnerscheeder ob

en an engem Büro mat méi oder manner Leit ugestallt ass, beim

Staat oder der Gemengtschafft, oder Selbstänneg ass.

Wat all Projet awer gemeinsam huet, ass d’Interaktioun mat Leit

aus anere Fachberäicher wei z.B. dem Client, der Statik, der

Haustechnik, dem Handwierk, der Innenarchitektur, der

Visualiséierung, a villen aneren.

Architekt

Page 7: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Architekt ze ginn?

De Studium heescht Architektur, et gëtt awer ausserdeem och

de Studium fir Innenarchitektur, an eenzelne Länner gëtt et e

separate Studium fir Urbanisten oder Landschafts-architekten.

Dës Fachrichtunge ginn op Universitéiten, Fachhéichschoulen a

Konschtakademien ugebueden. An der Regel dauert de

Studium ëm déi 10 Semester. E ganz wichtege Bestanddeel vum

Semester ass den Entworf, niewent dem een nach Virliesungen,

Workshopen, Excursiounen a folgende Beräicher huet: Ëntworf-

sprinzipien, Fräihandzeechnen, Statik, Bauphysik, Baugeschicht,

Baustoffkunde, Vermessungskunde, Bauopnahm, CAD-Program-

mer, Modellbau, Stadplangung, Technesch Zeechnen. Meesch-

tens muss en niewent dem Studium Praxiserfahrung noweisen,

dofir muss eng gewëssen Unzuel u Woche Stage a verschidde-

nen Entreprisë maachen.

Wann ee bis e Basiswëssen an der Grondausbildung vermëttelt

krut, huet een am zweeten Deel vum Studium d‘Méiglechkeet

sech ze verdéiwen an: Konscht an Theorie, Bautechnik, Stad a

Landschaftsplanung, Konscht a Baugeschicht, oder am Entwerfen.

Page 8: Let's engineer 2012

Wat mécht e Bauingenieur?

Dem Bauingenieur säin Job ass et Gebaier oder aner Konstruk-

tiounen ze entwerfen an se sou ze berechnen dass se stabil

gebaut kënne ginn. Des weideren ass de Bauingenieur och

zoustänneg dofir, de Bauoflaf ze organiséieren an dofir ze

suergen, dass och alles esou wéi geplangt um Chantier ofleeft.

Am Beräich vum Héichbau iwwerschneit sech de Beruff vum

Ingenieur oft mat deem vum Architekt. Meeschtens ass et esou

dass den Architekt de kreativen Deel iwwerhëlt, hien entwërft

ee Gebai an zeechent d’Pläng a gëtt de Projet dann un den

Ingenieur weider fir dass dësen d’Statik berechent.

Wéi lo genau dem Bauingenieur seng Aarbecht ausgesäit hänkt

staark dovun of a wéi engem Beräich hie schafft. Grondsätzlech

kann een ënnerscheeden zwëschen dem plangenden Ingenieur

an dem ausféierenden Ingenieur. De plangenden Ingenieur

schafft entweder selbstänneg oder awer mat aneren Ingenieuren

zesummen an engem Ingenieursbüro. Hie bitt eng Déngscht-

leeschtung un. Wann e Bauhär, sief et e privaten oder en

ëffentleche Client, ee Gebai oder soss eng Konstruktioun baue

wëll freet hien en Ingenieursbüro fir dass déi him dofir d’Statik

berechnen. De Büro iwwerhëlt dann de Projet, féiert déi néideg

Berechnungen duerch an zeechent d’Pläng dofir. Den Ingenieur

iwwerhëlt domat och d’Verantwortung dofir dass dës Konstruk-

tioun iwwert di geplangte Liewensdauer stabil bleift. Lo kann de

Büro dëse Projet rëm ofginn oder awer selwer den ausféierenden

Deel iwwerhuelen a sech dorëms këmmeren dass um Chantier

alles richteg ofleeft. Fir dëse Projektmanagement maachen ze

kënnen ass den Ingenieur an der Regel um Chantier present a

suergt dofir dass déi néideg Materialien, Aarbechter a Bau-

maschinnen zur Richteger Zäit an der richteger Quantitéit a

Qualitéit op der richteger Platz ukommen. Expertisen, Studien

oder Verkéiersanalyse gehéieren och zum Aarbechtsberäich

vun de Bauingenieuren.

Bauingenieur

Page 9: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Bauingenieur ze ginn?

De Studium Bauingenieur ass wéi all Ingenieursstudium eng

Zesummesetzung aus verschiddene Fächer. Am Ufank vum

Studium stinn d’Grondlage wéi Mathematik a Mechanik awer

och Baustoffkunde, Vermiessung a Baukonstruktioun um

Programm. Oft ass et dann esou dass no dëse Basiskenntnisser

eng Rei Fächer kommen déi fir all Bauingenieur wichteg sinn,

wéi Geotechnik, Massivbau (also d’Baue mat Stohlbeton),

Baustatik oder och mol Baurecht. Dono muss een sech dann

entscheeden a wéi enger Richtung ee säi Wësse verdéiwe wëll.

Grondsätzlech kann ee 4 verschidde Weeër aschloen:

Konstruktiven Ingenieur an Héichbau: An dëser Verdéiwung

geet et also ëm alles wat iwwert dem Buedem gebaut gëtt wéi

Wunnengen an ëffentlech Gebaier, Halen, Kraaftwierker mee

och Brécken oder Parkhaiser. Dem konstruktiven Ingenieur seng

Aarbecht besteet virun allem doran d’Statik fir Tragwierker ze

berechnen.

Verkéierswiesen: Hei geet et ëm de d’Plangen, d’Bauen an

d’Bedreiwe vu Stroossen an Autobunnen, mee och ëm den

ëffentleche Verkéier wéi de Schinneverkéier, z.Bsp. wann eng

Zuchstreck ausgebaut oder den optimale Wee fir en Tram

duerch eng Stad fonnt muss ginn ginn. Den Tunnel- oder

Flughafebau gehéiert och zu dësem Beräich.

Baubetrieb: An dëser Verdéiwungsrichtung gëtt sech méi

genau mam Plange vu Chantiere beschäftegt. Wee sech heifir

entscheet wäert a sengem spéidere Beruffsliewe vill Zäit op

Baustelle verbréngen a meeschtens och vill ënnerwee sinn.

Waasser- an Offallwirtschaft: Bei dëser Verdéiwung geet et ëm

alles wat an iergendenger Form mat Waasser ze dinn huet, also

Zou- an Ofwaasserleitunge mee och Kläranlagen, Regenrückhal-

tebecken, Waassertierm oder Staudämm. Den Ingenieur

këmmert sech also ëm de gesamte Waasserzyklus, also vum Pëtz

iwwer d’Opberedung duerch d’Leitunge bis an d’Haiser a vun do

aus an d’Kläranlag an zeréck an de Floss. Mee och de Wee vum

Offall vum Verbraucher iwwer d’Verbrennung bis zum Bau vun

Deponië fält an dëse Beräich.

Page 10: Let's engineer 2012

Wat mécht e Bioingenieur?

Vereinfachend erkläert, ass ee Bioingenieur e Verfahrenstechniker

dee sech speziell mat liewegen Zellen an Enzymer beschäftegt.

Dat heescht datt en sech d’Fro stellt, wéi sech Mikroorganisme

verhalen a wéi een déi geziilt fir d’Ëmwandlung vu Rohstoffer a

fir d’Produktioun kann asetzen, dat ganzt ënnert dem Gesiichts-

punkt vun der Gesondheet a vun enger nohalteger Produktioun.

Ee Bioingenieur probéiert also fir biologesch a chemesch

Stoffëmwandlungsprozesser an déi technesch Praxis ze

iwwerdroen.

Duerch säi Wëssen iwwer Mikroorganismen, Zellen an Enzymer

an hier Wierkungsweis kann de Bioingenieur ganz neiaarteg

Produiten entwéckelen an dat an ganz verschiddene Beräicher.

Dozou gehéiere Liewensmëttelindustrie, Pharmaindustrie,

Ëmwelttechnik a Planzeschutz, Pobeier- an Textilindustrie,

Waasserversuergung a Kosmetik.

Am Ufank vum Bioingenieur senger Aarbecht steet oft en

chemesche Prozess, deen de Bioingenieur duerch den Asaz

vu liewegen Zellen oder Enzymer méi bëlleg, méi rentabel oder

méi ëmweltfrëndlech wëll maachen. Oft ass et och esou datt de

chemesche Prozess wirtschaftlech guer net méiglech ass an da

gëtt direkt no engem equivalente biotechnesche Prozess

gesicht.Duerch e Screening gëtt no dem Mikroorganismus oder

no dem Enzym gesicht, dat déi gewënschte biochemesch

Reaktioun am beschte katalyséieren, also ausféiere kann. Dofir

ginn et riseg Enzymbanken a Stammsammlungen. Duerno muss

dëse Biokatalysator stabiliséiert an optiméiert ginn, an et muss

sech iwwerluecht gi wéi en den am beschten asetze ka fir

souwuel vill an och bëlleg produzéieren ze kennen. Dofir muss

en Bioingenieur och Ahnung vun de jeeweilege Maschinnen an

Apparaten hunn, souwéi vun der Planung an der Optiméirung

vu Produktiounsverfahren.

Bioingenieur

Page 11: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Bioingenieur ze ginn?

Well et de Beruff vum Bioingenieur nach net sou laang gëtt, ass

den Numm leider och nach net genee definéiert. Op villen

Unien heescht de Studiengang Bioingenieur oder Bioingenieur-

wiesen. Awer oft léiert en am Studiengang Bioverfahrenstechnik

oder Biotechnologie op enger Ingenieursfakultéit genee dat

selwecht.

Oppasse muss en ob de Studiegang éischter ingenieurwëssen-

schaftlech orientéiert ass, an also och Wäert op déi allgemeng

Ingenieursfächer geluecht gëtt, oder ob en éischter naturwëssen-

schaftlech orientéiert ass an d’Biologiefächer am Virgrond stinn.

Am Grondstudium léiert ee souwuel verschidde Biologiesfächer

wéi och d’Grondlagefächer vun engem Ingenieur. Et stinn also

souwuel Technesch Biologie, Enzymtechnologie, Bioverfahrens-

technik a Chemesch Verfahrentechnik um Stonneplang wéi och

Mathematik, Technesch Mechanik, Apparatebau, Maschinen-

konstruktionslehre, Thermodynamik, Elektrotechnik, Wärme- a

Stoffübertragung, Mess-und Regelungstechnik etc.

Wéi virdru schon erwähnt, kann ee Bioingenieur a ganz

verschiddene Beräicher schaffen, a genee sou verschidde sinn

och d’Verdéiwungsrichtungen. Et kann een sech zum Beispill

haaptsächlech op de verfahrenstechneschen Deel vum Studium

konzentréieren an da Richtung Mechanik, fossil an erneierbar

Brennstoffer, chemesch mechanesch oder thermesch Verfahrens-

technik oder Produktgestaltung verdéiwen. Oder et behällt een

de Fokus op der Biologie, da kann en zum Beispill Biotechnologie,

Molekular Aufarbeitung, Wassertechnologie, Emweltschutzver-

fahrenstechnik oder Liewensmettelverfahrenstechnik verdéiwen.

Page 12: Let's engineer 2012

Wat mécht ee Chemiker?

D‘Chimie gehéiert zu den Naturwëssenschaften a beschäftegt

sech mat de Grondbausteng aus deenen alles opgebaut ass, den

Atomen. Hautdesdaags ëmfaasst d‘Chimie ee risege Beräich an

iwwerschneit sech oft mat anere Wëssenschaften, wéi der

Physik, der Mathematik oder der Biologie. Sou wonnert et net,

dass de Chemiker an deene verschiddenste Beräicher schaffe

kann, sou zum Beispill an der Erdueleg-Industrie (Entwécklung

vun neie performanten Obtrennungsprozesser), an der Pharma-

Industrie (Entwécklung vun neie Medikamenter) oder an der

Elektro-Industrie (Hirstellung vun z.Bsp. neie stroumleedende

Materialien oder Batterien). Chemiker ginn zum gréissten Deel

agesat fir nei Substanzen oder Materialien ze entwéckelen.

Normalerweis bleift een no Ofschloss vu sengem Studium nach

puer Joer ob der Uni fir säin Dokter ze maachen. Während dëser

Zäit spezialiséiert een sech an engem ganz bestëmmte Beräich

a bedreift Grondlagefuerschung. Des Weidere besteet natierlech

nom Studium och d‘Méiglechkeet Proff ze ginn oder eng aner

Platz beim Staat ze sichen.

Am Ufank vun hirem Beruffsliewe gëtt ee studéierte Chemiker

meeschtens an der Fuerschung agesat. No enger bestëmmter

Zäit ginn seng Kompetenzen ausgebaut an am beschte Fall kritt

een säin eegene Fuerschungsprojet an de Schwéierpunkt vun

der Aarbecht gëtt vum Schaffen am Labo virun de Computer an

a Konferenzzëmmere verlagert. Dëst gëllt, wann een sech fir eng

Carrière an der Industrie entscheet. Mee et kann een och als

Beroder, Gutachter oder an engem verstaatlechte Labo (z.Bsp.

Waasserkontroll) schaffen. An alle Fäll ass et onerlässlech sech

och am Beruffsliewen um neiste Stand vun der Technik ze halen.

Chemiker

Page 13: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Chemiker ze ginn?

Am Ufank vum Studium stinn nieft verschiddene Chimiesfächer

(z.B anorganesch, organesch a physikalesch Chimie) och

Grondlagekuren aus der Physik an der Mathematik um Pro-

gramm. Dëst Konzept entsprécht deem vu villen Ingenieursfä-

cher, mee bei der Chimie kommen (ofhängeg vun der Uni) eng

ganz Partie praktesch Kuren am Labo dobäi. Am weidere Verlaf

vum Studium kann een sech fir verschidde Schwéierpunkter

entscheeden. Wann d‘Schaffen am Labo engem Spaass mécht,

dann ass zum Beispill organesch Chimie oder d‘Polymerchimie

eng Alternativ. Ass ee staark an der Mathé an d‘kachen am Labo

ass net sou säin Déng, da kann een an der physikalescher oder

theoretescher Chimie seng Verdéiwung maachen. De Chimie-

studium bitt engem motivéierten a méiglechst och kreative

Student eng villverspriechend Méiglechkeet ee Beruff mat

Zukunft ze fannen.

Page 14: Let's engineer 2012

Wat mécht en Elektroingenieur?

Ganz kuerz an allgemeng ausgedréckt, befaasst sech den

Elektroingenieur mat der Hirstellung, der Verdeelung an der

Notzung vun elektrescher Energie. D’Gebitt vun der Notzung

vun elektrescher Energie stellt dee mat Ofstand gréissten a

villfältegste Beräich vun der Elektrotechnik duer woubäi hei

och d’Informatiounstechnologie duerch den Asaz vun der

Digitaltechnik eng ëmmer méi grouss Roll spillt. Esou fënnt

een d’Resultat vum Elektroingenieur senger Aarbecht haut

an ëmmer méi Beräicher vum alldeegleche Liewen erëm:

Den Handy a seng Vernetzung souwéi den Internet, déi komplex

Bordelektronik a modernen Autoen, d’Satellitentélévisioun oder

déi onzähleg Steiergeräter an den Haushaltsgeräter siefen hei

nëmmen als Beispiller genannt. Nieft deem Alldeegleche spillt

d’Elektro- an Informatiounstechnik awer och bei industrielle

Produktiounsanlagen, der Medizintechnik oder der Loft- a

Raumfahrt eng ganz wichteg Roll.

Virum Hannergrond vun den erneierbaren Energien, den

intelligente Stroumnetzer oder beispillsweis dem accident-

fräien Elektroauto léisst sech déi an Zukunft ëmmer méi

bedeitend Roll vun der Elektro- an Informatiounstechnik

erkennen. Déi zukünfteg Aufgab vum Elektroingenieur ass et

also ëmmer méi intelligent an autonom, méi staark vernetzt a

komplex Systemer ze plangen, entwéckelen an/oder an

d’Realitéit ëmzesetzen. Entspriechend deem breed gefächerten

Uwendungsberäich vun der Elektro- an Informatiounstechnik

kann och dem Elektroingenieur säin Asazberäich ganz ënner-

schiddlech sinn, woubäi hie bei der Aarbecht ëmmer am Team

mat Maschinnebauingenieuren, Informatiker, Naturwëssen-

schaftler oder och Economiste schafft.

Elektroingenieur

Page 15: Let's engineer 2012

ElektroingenieurWat muss ech studéiere fir Elektroingenieur ze ginn?

Am Ufank vum Studium gi virun allem d’Tools fir d’Verständnis

vun der Theorie aus de spéidere Virliesunge geliwwert, dat

heescht et steet relativ vill Mathé an och Physik um Programm.

Donieft kommen awer och d’Grondlage vun der Elektrotechnik,

zum Beispill d’Berechnung vun einfache Schaltungen oder

d’Fonctioun vun deenen eenzelne Baudeeler, souwéi vun der

Informatiounstechnik, zum Beispill Logikschaltungen oder och

Programmatioun, net ze kuerz. Dorop opbauend ginn an de

spéidere Virliesunge mat zum Beispill der Héichfrequenztechnik,

der Regelungstechnik oder der Norichtentechnik déi méi

theoretesch Grondlagen zu deenen eenzelne Beräicher vun der

Elektro- an Informatiounstechnik vermëttelt.

Opgrond vun der Komplexitéit vun deenen eenzelne Beräicher

entscheed ee sech fir eng Spezialisatioun an där et dann zum

Schluss vum Studium ëmmer méi staark a Richtung Praxis an

domat tatsächlech Applikatioun geet.

Als méiglech Spezialisatioune siefen hei als Beispill Energietech-

nik, Automatiséierungstechnik, Robotik, Noorichtentechnik,

Mikroelektronik, Optoelektronik, Medezintechnik oder elekt-

resch Maschinne genannt.

Page 16: Let's engineer 2012

ËmweltingenieurWat mécht een Ëmweltingenieur?

An der heiteger Zäit gëtt et kaum eng ingenieurtechnesch

Aufgab déi, ouni méiglech Konsequenze fir eis Ëmwelt ze

analyséieren, geléist gi kann. Technologien, Produiten oder

Gebaier sollen net nëmme wirtschaftlech effizient sinn, mä och

méiglechst ëmweltfrëndlech. Dozou kommen natierlech och

nach Aufgaben, di sech direkt ëm den Ëmweltschutz dréien, wéi

zum Beispill Gewässerschutz oder Naturschutz.

Bei esou Aufgaben ass den Ëmweltingenieur gefrot. Hien ass op

der Schnëttstell tëscht Ëmweltschutz an Technik ze fannen.

Duerch säi breed Wëssen am Beräich vun der Technik an am

Ëmweltschutz kann hien als Ingenieur de Problem ugoen an

awer gläichzäiteg méiglech Konsequenze fir d‘Ëmwelt bewäer-

ten. Doduerch dass d‘Thema Ëmwelt duerch Begrëffer wéi

Klimawandel an Nohaltegkeet ëmmer méi relevant gëtt, sinn

d‘Aussiichten als Ëmweltingenieur eng Platz ze fanne méi wéi

gutt.

Den Ëmweltingenieur kann op villen Aarbechtsplazen agesat

ginn. Natierlech kann hie bei enger Administratioun schaffen,

mä och an engem Bureau d‘Etudes oder enger Consultinggesell-

schaft sinn Ëmweltingenieuren ze fannen. Plaze fir Ëmweltinge-

nieure ginn et awer och bei Firmen, déi Produiten hierstellen

oder Procédéen entwéckelen. Och hei si Schied fir d‘Ëmwelt ze

evitéieren, ob dat elo mam Gesetz zesummenhänkt, oder

einfach zur Qualitéitsphilosophie vun der Firma gehéiert.

Den Ëmweltingenieur ass also éischter breed opgestallt an e

kann sech, jee no Spezialisatioun, mat deene verschiddensten

Aufgabe beschäftegen. Hee kann am Beräich (Of-) Waasser täteg

sinn, sech mat der Remédiatioun vu contaminéierte Site

beschäftegen, am Ausbau vun alternativen Energien täteg sinn,

oder awer och am Beräich Loft- a Buedemschutz. Weider

Beispiller sinn nohaltegt Bauen, Offallopbereedung oder etwa

Ëmweltverfahrenstechnik.

Page 17: Let's engineer 2012

ËmweltingenieurWat muss ech studéiere fir Ëmweltingenieur ze ginn?

Am Fong geholl kënnt an deene meeschte Studiegäng d‘Thema

Ëmwelt an iergend enger Form um Stonneplang vir, mä och de

Studiegang Ëmweltingenieur/Ëmweltschutztechnik ass ëmmer

méi wäit verbreet. An dësem Studiegang léiert een am Ufank

d‘naturwëssenschaftlech an technesch Grondlagen déi fir den

Ëmweltingenieur wichteg sinn. Jee no Uni kann een da verschid-

de Verdéiwungen auswielen, beispillsweis Waasser, Energie,

Buedemschutz etc. Esou eng éischt Verdéiwung fënnt normaler-

weis schonn um Enn vum Bachelorstudium statt. An engem

nogeschaltene Masterstudium kann een sech dann nach eng

Kéier méi déif spezialiséieren.

E gewëssent Interessi un Technik an Naturwëssenschaft ass wéi

fir all Ingenieursstudium eng gutt Viraussetzung. Wat beim

Ëmweltingenieur nach dobäi kënnt, ass de Fait, dass hei och

sozial a politesch Kenntnisser am Studium geléiert ginn.

Ëmweltschutz besteet nämlech net just aus Technik mä et

mussen och ëmmer déi juristesch, politesch a gesellschaftlech

Aspekter berücksichtegt ginn.

Den Ëmweltingenieur ass also keen deen alleng schafft, well

hien sech jee no Aufgab mat aneren Ingenieuren, Naturwëssen-

schaftler oder awer och mat Sozialwëssenschaftler an Economis-

ten zesummesetzt, fir seng Aufgab ze léisen.

Page 18: Let's engineer 2012

GeometerWat mécht ee Geometer?

„E Geometer dat ass jo deen dee mat sengem Stativ nieft der

Strooss steet fir ze moossen?“ Dës wäitleefeg Meenung ass just

deelweis richteg. Meeschtens ass et de Vermiessungstechniker

deen dëst mécht, während de Geometer (als Vermiessungsinge-

nieur, international och als Surveyor bezeechent) sech mat der

Planung, Koordinatioun an Auswäertung ofgëtt. Dëst zum

Beispill wann et drëms geet, fir e Bauprojet den Terrain topogra-

phesch ze vermoossen, d‘Mauere fir d‘Konstruktioun vun engem

Gebai ofzestiechen oder d‘Bauwierk selwer ze kontrolléieren.

Während bei dësen Aufgabe mat engem Tachymeter Wénkelen

a Strecke gemooss ginn, kommen nach weider Instrumenter

öfters zum Asaz, sou wéi Laserscanner, Nivelléier oder Satelliten-

navigatiounssystemer. Prinzipiell kann de Geometer mat all

Sensor deen eppes moosst ze dinn hunn an dat a ville verschid-

dene Beräicher. Zil ass et generell Geoobjekter geometresch a

punkto Lag, Orientéierung, Gréisst a Form mat enger definéier-

ter Qualitéit ze bestëmmen.

Ee Groussdeel vun den Informatiounen an eiser Welt hunn a méi

oder wéineger direkter Form e raimleche Bezuch. Fir dës

duerzestelle kënnen als Basis Geoinformatiounssystemer

déngen, bei deenen de Geometer un der Installatioun a Fortféie-

rung bedeelegt ass. Weiderhi kann hie méiglech integréiert

Loftbiller oder 3D-Modeller verwalten an och erstellen oder

Webapplikatioune betreien. Beim Urbanismus kann en ënnert

anerem bei Flächennotzungspläng, Bebauungspläng a Landma-

nagement bedeelegt sinn. Mat enger Zousazformatioun dierf en

als „Géomètre officiel“ och Kadastervermiessunge wéi Propriété-

itsgrenzen, Terrainandeelungen an Expertisen dozou man.

Zu Lëtzebuerg schafft de Geometer zum Beispill bei der

Administration du Cadastre et de la Topographie, der Verwal-

tung vu grousse Gemengen a Syndikater, Entreprisen an der

Verkéiersinfrastruktur (Strooss an Zuch), an engem Ingenieurs-

büro oder als Indépendant.

Page 19: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Geometer ze ginn?

An Däitschland heescht de Studium Geodäsie und Geoinforma-

tion, anerwäerteg gëtt en och als Geomatik bezeechent. De

Studium ass immens universell a breetgefächert opgestallt a bitt

international beispillsweis och d‘Méiglechkeet bei Hiersteller vu

Moossinstrumenter an Navigatiounssystemer oder Weltraumfir-

men ze schaffen. Deemno heescht ee Slogan och „vum Gronds-

téck bis zum Mars“. Nieft de Grondlagen an der Mathé, Info a

Physik kënnen ofhängeg vun der Uni Fächer wéi Vermessungs-

kunde, Geoinformatik, Städtebau und Landschaftsplanung,

Bodenordnung und Flurbereinigung, Photogrammetrie,

Fernerkundung, Computergraphik, Bildverarbeitung, Kartogra-

phie, Satellitengeodäsie, Erdmessung, astronomische Geodäsie,

Sensorik und Methodik, Kinematik, satellitengesteuerte

Positionierung, Geolokalisation und Fahrzeugnavigation,

Statistik, Ausgleichungsrechnung, Verwaltungsrecht, BWL,

Ingenieurbaukunde, Geologie, Grundstückswertermittlung,

Immobilienmanagement asw. um Programm stoen.

Page 20: Let's engineer 2012

Wat mécht en Informatiker?

“An der Informatik geet et genau sou wéineg ëm Computer wéi

an der Astronomie ëm Teleskopen”, Edsger Dijkstra (Turing

Award Präistreger 1972). Een Informatiker ass nämlech kee

renge Programméirer, a benotzt ee Computer just fir seng Ideeën

ëmzesetzen.

An de leschten 20 Joer gouf d’Liewen nohalteg vun der

Informatik verännert. Duerch den Internet komme mer schnell

un all Informatiounen déi mer wëllen, a kënnen einfach mat Leit

op der ganzer Welt kommunizéieren, duerch Navigatiouns-

apparater gi mer schnell a sécher un eist gewënschten Ziel

navigéiert an et ginn och schon Autoen déi eng Geforesituatioun

erkennen an automatesch eng Vollbremsung ausléisen.

D’Ziel vun engem Informatiker ass et, Méiglechkeeten déi

duerch Computeren entstinn ze entwéckelen an se dann sou

ëmzesetzen dat ze vun jidderengem einfach a sécher kënne

benotzt ginn.

Een Informatiker schafft oft fir ee bestëmmte Client. De Client

huet da méi oder manner konkret Virstellunge wat e wëll. Eng

Bank wëll z.B. ee sécheren Online Banking. Lo muss sech een

Informatiker iwwerleeë wéi en ee sécheren, mä trotzdem vun

engem normale Bankclient novollzéibaren Oflaf ausgesäit.

Dozou gehéieren natierlech och Algorithmen, also mathema-

tesch Berechnungen, déi den Oflaf da sécherstellen. Seng Ideeë

schreift en dann op a programméiert villäicht nach een éischte

Prototyp fir seng Ideeën ze visualiséieren a präsentéiert déi der

Bank. Déi richteg Programmaarbecht gëtt herno awer meeschtens

vu Programméirer ëmgesat a just nach vum Informatiker betreit.

Informatiker

Page 21: Let's engineer 2012

Wat muss ech studéiere fir Informatiker ze ginn?

De Studium heescht Informatik. Am Ufank studéiert een

d’Grondlage vun der Informatik. Dat ass virun allem

d’Mathematik, d’theoretesch a praktesch Informatik. Nodeems

een dann d’Grondlage beherrscht kann een sech op engem

Gebitt spezialiséieren. Doniewent ass et üblech, datt een en

Nierwefach huet, well een herno oft mat Clienten aus anere

Beräicher ze dinn huet an hier Problemer méi einfach verstoe

soll. Dat kann z.B. Medezin, Economie oder Maschinnebau sinn.

Well et vill verschidde Richtungen an der Informatik ginn, muss

een sech während sengem Studium spezialiséieren, ouni déi

aner Richtunge vollkommen ze vernoléissegen. E puer Richtun-

ge sinn z.B.: Theoretesch Informatik (Algorithmusverbesserun-

gen oder Beweise wat ee Computer berechne kann, a wat net),

Biller- a Sprochenerkennung, Netzwierker (wei verbënnt ee

Computer am effektivste mateneen) oder agebett Systemer (dat

sinn Computeren an Handyen, Autoen, Fligeren asw.). Dëst sinn

awer nëmmen en puer Nennungen, et gëtt der nach vill méi, déi

awer lo net all hei kënnen ernimmt ginn.

Page 22: Let's engineer 2012

Wat mécht e Maschinnebauingenieur?

Wéi den Numm et scho seet beschäftegt sech de Maschinne-

bauingenieur mat Maschinnen.

Hautdesdaags kann een sech dat modernt Liewen ouni

Maschinnen net méi virzestellen. Dobäi ass de Begrëff vun

enger Maschinn ganz vague. Meeschtens ass eng Maschinn en

technescht Konstrukt dat dem Mënsch eng Aufgab vereinfacht

oder se him ganz ofhëlt. (D’Elektresch, ouni dat mir net méi

kéinte liewen, gëtt vu Maschinne produzéiert déi Maschinne-

bauer entwéckelen. Genausou den Auto deen et eis erliichtert fir

vun enger Plaz op déi aner ze kommen.)

Vill Maschinnen déi vum Maschinnebauingenieur gebaut ginn,

gesäit een net direkt, mee sou zimlech all Produit, vun engem

Handy bis zu der Karosserie vun engem Auto, ginn zum

gréissten Deel op Maschinnen automatesch produzéiert (sou

Maschinnen nennt een allgemeng Fertegungsmaschinnen oder

Produktiounsmaschinnen).

De Maschinnebauingenieur entwéckelt sou Maschinne wann en

dozou vun engem Client den Optrag kritt. Dobäi kritt en vum

Client Fuerderunge gestallt, déi d’Maschinn dono muss erfëllen.

Den Ingenieur muss dann, zesumme mat engem Team aus

verschiddene Beräicher vu senger Firma, sech en Konzept

iwwerleeën dat déi Fuerderungen erfëllt. Dëst Konzept muss

dann an all sengen Eenzeldeeler geplangt ginn. Vun der

klengster Schrauf iwwer d’Auswiele vum richtege Material bis

zur Verkleedung déi dono alles verstoppt an der Maschinn en

uspriechenden Design gëtt. Dono gëtt déi Maschinn da gebaut

an et gëtt getest op se och sou funktionéiert wei se soll an dono

dem Client verkaf. Oft ass et net néideg en komplett neit

Konzept ze entwéckelen, dofir kann den Ingenieur mat sengem

Team ee méi aalt Konzept ëmbauen oder puer Konzepter

matenee kombinéieren. D’Entscheedung ob en Konzept ganz

nei soll entwéckelt ginn, gëtt oft iwwer de Präis entscheet.

Maschinnebauingenieur

Page 23: Let's engineer 2012

MaschinnebauingenieurWat muss ech studéiere fir Maschinnebauingenieur ze ginn?

De Studium heescht ganz einfach Maschinnebau. Am Ufank

studéiert een d’Grondlage vum Maschinnebau. Dat ass

d’Mathematik an d’Physik an do haaptsächlech Mechanik.

Nodeems een dann d’Grondlage beherrscht kann ee méi

spezifesch op Maschinnen agoen.

Well d’Aart vun de Maschinnen sou ënnerschiddlech ass, an een

als Student jo net alles léiere kann, muss een sech während

sengem Studium op eng Richtung spezialiséieren. E puer

Richtungen am Maschinnebau sinn z.B.: Produktiounstechnik

(Maschinnen déi automtiséiert produzéieren), Verfahrenstechnik

(d’Ëmwandlung vu Materialien), Verkéierstechnik (alles wat mat

der Fortbewegung ze dinn huet), Energietechnik (Produktioun

an d‘Weiderleede vun Energie) a Medezintechnik. Dëst sinn

awer nëmmen en puer Nennungen, et gëtt der nach vill méi,

mee déi sinn zu engem gewëssen Deel dëse grousse Richtungen

ënnergeuerdent.

Page 24: Let's engineer 2012

Wat mécht e Mathematiker?

Iwwert de Fuerscher an de Prof (z.Bsp. am Lycée) eraus ginn et

nach eng ganz Rei weider Beräicher an deene Mathematiker

gebraucht ginn. Dobäi gëtt et awer wéineg “typesch” Beruffer fir

Mathematiker. Dat wat se awer all en commun hunn ass datt ee

Problem muss geléist ginn. De Problem gëtt versicht ze

quantifizéiren an da mat Methoden déi een am Studium (an

dono op der Aarbecht) geléiert huet ze léisen. Schlussendlech

sollt dës Léisung dann sou gutt ewéi méiglech an d’Praxis ëmge-

sat ginn.

Dës Problemer kënne genee esou villfälteg sinn ewéi d’Beruffer

déi d’Mathematiker maache kënnen. Beispiller sinn:

Verkéiersplangung: Wéi solle Stroossennetzer gebaut ginn a

Luuchte geschalt ginn esou datt d’Leit mam Auto esou man wéi

méiglech am Stau stinn an esou séier wéi méiglech vun A op B

kommen? Ähnlech Froe stellen sech bei Bus-, Zuch- an Trams-

netzer, souwéi hiren Horairen.

Logistikofleef vu grousse Firmen: Wou solle Lagerhale gebaut

ginn? Wéi grouss soll eng Lagerhal sinn? Wéivill Material soll do

dra stockéiert ginn? Vu wou sollen déi Materialer geliwwert gi fir

datt d’Käschte fir d’Firma esou kleng ewéi méiglech sinn?

Versécherung: Wéi deier mussen d’Prime fir déi nei Auto-,

Haushalts- a Liewensversécherunge sinn a Fonctioun vun den

aktuelleste Statistiken iwwert Accidenter, Liewenserwardung

asw.?

Finanzsektor: Wéi deier sollen nei Finanzprodukter verkaf ginn

(Derivater, Optiounen, a.s.w.)? Wéi soll een d‘Ofhängeg-keeten

tëschent Banken a Länner modelléiere fir de Risiko vun der

eegener Bank ze erfaassen? Wéi kann eng weider Finanzcrise

evitéiert ginn a wat musse Banken dofir maachen?

Mathematiker

Page 25: Let's engineer 2012

MathematikerWat muss ech studéire fir Mathematiker ze ginn?

De Studium heescht Mathematik. Bal iwwerall bestinn déi éischt

2 Joer nëmmen aus obligatoresche Fächer (Analysis, Linear

Algebra, Algebra, Topology, Numerics, Informatics) fir

d’Grondlagen ze léieren op deenen all weider Fächer opbauen.

Dono kann een (oft schons méi fréi wéi an anere Studiengäng)

sech spezialiséieren a méi spezifesch Virliesungen huele wéi z.

Bsp. Stochastics (Modeléiere vun zoufällege Prozesser, wéi e

Cours vun der Bourse), Extreme Value Theory (Typesch Fro: Wéi

héich muss den Damm sinn datt et just eng Kéier all 1000 Joer

eng Iwwerschwemmung gëtt), Optimization (z.B. Logistikprob-

lemer), Quantitative Risk Management (Problemer ronderëm

d’Finanzwelt ginn hei modelléiert …

Fir Mathe ze studéiere sollt een einfach genuch Virwëtz

matbréngen, Problemer (virun allem quantitativer Art) op de

Fong wëllen ze goen, Freed hu fir Modeller vu verschiddene

Prozesser ze ëntwécklen a prézis ze schaffen. Dobäi huet de

Mathéstudium ganz wéineg mat de Mathéscoursen aus dem

Lycée ze dinn an et gesäit een déi vill Méiglechkeeten déi de

Studium bréngt oft eréicht während dem Studium.

Page 26: Let's engineer 2012

PhysikerWat mécht ee Physiker?

Physiker sinn hautdesdaags an deene verschiddenste Beräicher

erëmzefannen, sief et an der Industrie, Recherche, Fonction

Publique oder als Proff an der Schoul oder un der Uni. Gréissten-

deels schafft ee Physiker dobäi un techneschen oder wëssen-

schaftleche Frostellungen déi en unhand vu Methoden aus der

experimenteller oder theoretescher Physik léist. Dobäi zeechent

sech ee Physiker duerch ee logescht a problemorientéiert

Denken aus, wat him erméiglecht Problemer séier an efficace ze

léisen. Aus deem Grond schaffen och vill Physiker a wirtschaftle-

chen Domainer wei z.Bsp. Banken, Versécherungen oder

Consultinggesellschaften, wou se ënnert anerem Risikoofschät-

zungen unhand vu komplexe mathematesche Modeller

opstellen.

Ee groussen Deel vun de Physiker fënnt een nom Studium och

direkt an der Recherche erëm. A physikspezifesche Beräicher wéi

Nuklearphysik, Astrophysik oder Festkierperphysik gi virun allem

Grondlagen erfuerscht, woubäi ee Physiker an der Bio- oder

Medezintechnik éischter méi uwendungsbezunn schafft.

Insgesamt ass et schwéier een allgemengt Bild iwwer ee

Physiker ze zeechnen, well en a bal alle Sparten erëmzefannen

ass. Dobäi gesäit säin Alldag awer esou aus, dass e Léisungen zu

de verschiddenste Problemer muss fannen, an dëst mat deenen

aus dem Studium geléierte Methoden. Ee grousse Virdeel vum

Physiker ass deemno dass him no sengem Studium villes

opsteet an en domat exzellent Perspektiven am Beruffsliewen

huet.

Page 27: Let's engineer 2012

PhysikerWat muss ech studéiere fir Physiker ze ginn?

De Bachelorstudiengang steet am Ufank am Zeeche vun der

Basisausbildung. Hei ginn déi mathematesch a statistesch

Methode geléiert, op déi een herno am Master an am Beruff

zeréckgräift. Do dernieft gi Grondlage vun der Physik geléiert,

wei z.Bsp. klassesch Mechanik, Optik, Elektrodynamik, Quante-

mechanik, etc, déi ee gutt Stéck iwwert dat erausgi wat een am

Lycée gesinn huet. Begleet gëtt dat ganzt nach vu praktesche

Versich déi engem erlaben, op eegestännegem Wee physika-

lesch Experimenter duerchzeféieren.

Duerno am Master gëtt dann eng bestëmmt Richtung, déi ee

selwer bestëmme kann, verdéift. Hei ginn et dann déi verschid-

denste Beräicher, wéi ënner anerem Elementardeelchenphysik,

Atomphysik, Astrophysik, Festkierperphysik, awer och aner

Sparte wéi Biophysik, Geophysik, Medezinphysik, etc, an deenen

een sech spezialiséiere kann. Dernieft muss een dann och eng

Entscheedung huelen ob een dat ganzt léiwer op engem

experimentellen oder theoretesche Wee mécht an domat zum

Schluss een experimentellen oder theoretesche Physiker gëtt.

Well net all Uni jiddwer Beräich ubitt, ass et vu Virdeel sech

virdrun doriwwer ze informéieren. Soss kéint et virkommen,

dass een nom Bachelor d‘Uni muss wiesselen, wat awer net

ëmmer vun Nodeel ass.

Page 28: Let's engineer 2012

Wat mécht e Verfahrenstechniker?

Ee Verfahrenstechniker këmmert sech ëm Virgäng, bei deenen

aus verschiddene Materialien/Stoffer Produkter mat neien

Eegenschaften entstinn. Dës Virgäng (och Prozesser genannt)

kënne chemescher, physikalescher oder och biologescher Natur

sinn. D‘Aufgabefeld ass bei wäitem net nëmmen op d´chemesch

Industrie (dee vläit bekanntesten Aufgabeberäich) beschränkt.

Verfahrenstechniker ginn op ville verschiddene Plaze gebraucht:

Kläranlagen, pharmazeutesch Industrie oder Anlagenbau sinn

hei nëmmen e puer Beispiller.

Wéi Ufanks gesot, këmmert ee Verfahrenstechniker sech

haaptsächlech ëm Prozesser. Den Alldag hänkt dobäi staark vun

der Plaz of, wou hie schafft. An der Produktioun ass hie virun

allem fir sougenannten „Troubleshooting“ zoustänneg, d.h. fir

Léisunge fir Problemer ze fannen. Dëst ass oft Teamaarbecht,

mee oft muss hien och alleng schaffen. Weiderhinn schafft hien

u Verbesserunge vun der aktueller Anlag, fir z.B. d‘Produktivitéit

oder d‘Sécherheet ze verbesseren. Hei schafft en éischter am

Beräich vun der Verfahrenstechnik. Wann den Ingenieur an der

Entwecklung (R&D) schafft, dann ass seng Tätegkeet méi no un

der Chimie, also der Wëssenschaft.

Verfahrenstechniker

Page 29: Let's engineer 2012

VerfahrenstechnikerWat muss ech studéiere fir Verfahrenstechniker ze ginn?

Am Grondstudium sinn dat allgemeng Mathé, Physik, Chimie,

Mechanik, Werkstoffkunde, Informatik, Thermodynamik, fir mol

e puer Saachen ze nennen. Kuerz gesot alles wat zou de

Grondlage vunn engem Ingenieur gehéiert.

Verdéiwungen sinn zum Beispill Anlagenbau (Ausleeë vun

Apparater a Maschinnen), Lebensmittelverfahrenstechnik

(verschiddene Verfahren déi an der Hirstellung vu Liewensmëttel

gebraucht ginn), Thermische Verfahrenstechnik (Destillatioun,

Wärmeübertragung) oder Chemische Verfahrenstechnik

(Reaktionstechnik, Kinetik, ...).

Page 30: Let's engineer 2012

WirtschaftsingenieurWat mécht ee Wirtschaftsingenieur?

Dir kritt an dëser Brochure vill Beruffer a Studien aus den

technesch-wëssenschaftleche Beräicher virgestallt. Fir vill vun

deenen Optioune bitt sech awer nach eng weider attraktiv

Alternativ un, ouni den techneschen Aspekt ewechzeloossen:

de Studium vum Wirtschaftsingenieurwiesen.

D‘Grondkonstruktioun vun deem Studium ass generell eng

50-50 Opdeelung vun techneschen a wirtschaftleche Virlie-

sungen. Den technesche Beräich hänkt vun ärem Choix of, et

bitt sech zum Beispill de Maschinnebau, d‘Elektrotechnik oder

d‘Informatik un, mä och Kombinatioune mat Chimie oder

Verfahrenstechnik si méiglech.

Den ökonomeschen Deel besteet op där anerer Säit meesch-

tens aus de gläiche Fächer, aus der Betriebswirtschaftslehre

(BWL) Produktiounswirtschaft, Personalmanagement a

Rechnungswiesen an aus der Volkswirtschaftslehre (VWL),

Mikro-, Makroökonomie a Finanzpolitik. Dobäi gëtt op villen

Unien nach eng Basis an Droit ënnerriicht, meeschtens Deeler

déi fir d‘Geschäftsliewe relevant sinn, wéi z.Bsp. Patentrecht

oder Gesellschaftsrecht.

D‘Attraktivitéit vun dësem Studiegang äussert sech deels am

Studium, well et engem wéinst der Diversitéit vun de Virlie-

sungen net sou schnell langweileg gëtt, an deels dono an der

Beruffswahl. E Wirtschaftsingenieur bréngt nämlech vill

Virdeeler fir d‘Entreprise mat, andeems en zB e Projet souwuel

vum technesche wéi och vum kommerziellen Aspekt hier

versteet an sou keng weider Persoun gebraucht gëtt, déi fir ee

vun deenen 2 Terrainen „iwwersetze“ misst.

Méiglech Beruffer sinn z.Bsp. an der Produktioun, dem

Controlling, Consulting, Akaf oder der Logistik. Weider Weeër

an Entwécklunge sinn awer ni blockéiert, sou dass een sech

och nach dono iwwerleeë kann, sech op engem Gebitt ze

spezialiséieren an sou z.Bsp. méi no un dat technescht oder

Page 31: Let's engineer 2012

Wirtschaftsingenieurdat ökonomescht ze réckelen. Nieft der praktescher Uwen-

dung vun ärem Wësse bitt sech awer och den akademesche

Wee un, Doktorat a Fuerschung vun engem Deel vun de

Wirtschaftswëssenschaften ass e Beispill dovunner.

Alles an allem kann ee soen, dass de Wirtschaftsingenieur eng

Bréck iwwert d‘Schnëttstell vun der Technik an der Ökonomie

bild, 2 Welten déi oft grondverschidde sinn, awer net ouni déi

jeweils aner auskomme kënnen. De Wirtschaftsingenieur ass

an deem Sënn de Manager vum technesche Fortschrëtt.

Page 32: Let's engineer 2012

Wat ass d‘ANEIL?

D‘Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembour-

geois, gegrënnt 1958, ass den eenzege Veräin, deen d‘Interesse

vum lëtzebuerger Ingenieursstudent vertrëtt. D‘ANEIL represen-

téiert 200-250 Studenten, déi gréisstendeels Maschinnebau,

Bauingenieur, Chimie, Biologie, Physik, Elektrotechnik, Informa-

tik, Mathematik an Architektur studéieren an dat a ganz Europa,

virun allem an Däitschland an an der Schwäiz awer och an der

Belsch, Frankräich, Éisterräich an England.

Wat hunn ech vun der ANEIL?

Als Schüler vun der 2e/1re oder 12e/13e kriss de vun eis

Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium a -beruff. Déi

richteg Informatioun ass nämlech immens wichteg. All Joer

wiesselt ee gudde Strapp Studenten d’Fachrichtung oder hält

ganz op mat studéiere well se réischt ze spéit erkenne wéi ee

Studiegang fir si dee richtegen ass. Do hëllefe mir gäre mat

eisen eegenen Erfahrunge weider, schliisslech geet et net

dorëms ween am längste studéiert. Och wann d’Studieplatz

zweetrangeg ass, gëtt d’ANEIL Tipps fir de Choix vun där

richteger Uni oder Héichschoul ze vereinfachen. Mir organiséie-

ren dofir iwwert d‘Joer verdeelt eng Rei Schoulaktiounen, wou

mir a verschiddene Lycéeën dech als Schüler direkt informéie-

ren, an och op der Foire de l‘Étudiant hu mir eisen traditionelle

grousse Stand. Mir vermëttelen dech och gären un ee vun eise

Memberen, dee grad an dem entspriechende Studium stécht.

Als Ingenieursstudent kanns du un eise Visite bei lëtzebuerge-

sche Firmen deelhuele fir der en éischt Bild vun der Praxis ze

maachen, a fir Studente vun aneren Héichschoulen ze begéinen.

Am Hierscht organiséiere mir all Joer eng Rees vun e puer Deeg

an d‘Ausland, wou mir eise Memberen d‘Méiglechkeet ginn, bei

enger Visite mat souwuel techneschem wéi och kulturellem

Inhalt eng Stad oder Regioun kennenzeléiren. Di läscht Jore

ware mir z.Bsp. zu Barcelona, Dublin, Prag, Hamburg, Mailand,

Ostküst vun den USA an am Ruhrgebiet. Véier mol am Joer kriss

ANEIL

Page 33: Let's engineer 2012

ANEILdu eis Zäitschrëft, de bulli, op deng Lëtzebuerger Adress

geschéckt a mir leeden der all Job- a Stageoffer déi mer vun den

de Firme kréien un deng Email Adress weider. Net ze vergiessen

ass eise Fräibéier wou sech eemol am Joer bis zu 100 Ingenieurs-

studenten treffen a sech amuséieren.

Nom Diplom hues du duerch déng Visite mat der ANEIL een

differenzéiert Bild vun dénge Méiglechkeeten als Ingenieur zu

Lëtzebuerg. Eis Table Ronde op Karfreideg bitt eng gutt

Geleeënheet, an engem ongezwongene Kader mat de Personal-

cheffe vun deene wichtegste lëtzebuerger Entreprisë Kontakt

opzehuelen an eventuell en éischte Rendezvous ze fixéieren.

Weider Informatiounen: www.aneil.lu - [email protected]

Page 34: Let's engineer 2012

Rédacteurs

Architekt

Bauingenieur

Bioingenieur

Chemiker

Elektroingenieur

Ëmweltingenieur

Geometer

Informatiker

Ingenieur

Maschinnebauingenieur

Mathematiker

Physiker

Verfahrenstechniker

Wirtschaftsingenieur

Micky Dauphin

Luc Frantzen

Laure Cuny

Dan Dax

Marc Weydert

Danièle Mousel

Jean-Marc Schares

Yves Duhr

Paul Dax

Paul Dax

Eric Schaaning

Christian Pauly / Jean Mahowald

Pascal Bormann

Venant Pirrotte

Page 35: Let's engineer 2012

Rédacteurs en Chef 1ere Edition

Aidés par

Layout

Editeur

Max Schmitz

Paul Dax

Pit Demuth

Pit Schmit

Yves Roth

Sophie Margue

Max Schmitz

Association Nationale des

Etudiants Ingénieurs

Luxembourgeois a.s.b.l.

www.aneil.lu

Page 36: Let's engineer 2012

engineer.Let’s

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeoiswww.aneil.lueditioun 2012