Wahlprogramm 2011 - Clement Jeannot...Léif Wielerinnen, léif Wieler, De 9. Oktober 2011 sidd Dir...

48
CSV E kloere Bléck fir d’Gemeng Monnerech MONNERECH Wahlprogramm 2011

Transcript of Wahlprogramm 2011 - Clement Jeannot...Léif Wielerinnen, léif Wieler, De 9. Oktober 2011 sidd Dir...

  • 1

    CSVE kloere Bléck

    fir d’Gemeng Monnerech

    MONNERECH

    Wahlprogramm 2011

  • Vue op den Duerfkär vu Monnerech

  • 4 CSV MONNERECH

    InhaltSommaire

    I. Wat wëlle mär eise Bierger an Zukunft bidden? 8I. Ce que nous envisageons de réaliser au cours des six prochaines années 1. Eng Biergerno Gemeng 8 1. Service au citoyen 1.1 Méi Demokratie an der Gemeng 1.2 Méi Informatioun un de Bierger 1.3 Administrativ Vereinfachung

    2. Eng kanner- a familljefrëndlech Gemeng 9 2. Service aux enfants et à la jeunesse 2.1 Schoulen a Bildung Education et écoles 2.2 Kannerbetreiung Encadrement des enfants 2.3 Jugend Jeunesse 2.4 Erwuessenebildung 2.5 Fräizäit Loisirs 2.6 Wunnen Logement

    3. Eng sécher Gemeng 12 3. Sécurité et santé 3.1 Sécherheet 3.2 Verkéierssécherheet 3.3 Rettungsdéngscht 3.4 Gesondheet

    4. Eng Gemeng, an deer et sech gutt zesumme lieft 13 4. Intégration sociale 4.1 Sozial Froen 4.2 Seniore verdingen eise Respekt an eis Unerkennung 4.3 Mënsche mat Behënnerung an eis Gesellschaft abannen 4.4 Flüchtlingsproblematik 5. Eng lieweg Gemeng 14 5. Commune vivante 5.1 Zentrum weider beliewen 5.2 Veräiner stäerken 5.3 Kultur- a Sportsmanifestatiounen ënnerstëtzen 5.4 Tourismus a Fräizäitgestaltung förderen 5.5 De lokalen Handel ënnerstëtzen 5.6 D’Bauere bei hirer Aarbecht net anenken

    6. Eng nohalteg Gemeng 16 6. Développement durable de la commune 6.1 Bësch a Gréngflächen erhalen 6.2 Kaméidi a Loftverschmotzung agrenzen 6.3 Energie a Klimaschutz 6.4 Waasserpräis nohalteg gestalten 6.5 Kommunal Flächennotzung a Bebauungspolitik

  • 5

    6.6 Mobilitéit a Verkéier 6.7 Stroosseninfrastrukturen 6.8 Weider Projeten 6.9 Nohalteg Finanzpolitik

    II. Beiträg zum Wahlprogramm 18II. Points clés de notre programme

    1. Animatioun vum lokale Wunnengsmaart 18 1. Animation du marché du logement

    2. Energie a Klimaschutz nei iwwerdenken 19 2. Politique d’énergie et protection de l’environnement

    3. Ausserschoulesch Kanner- a Jugendbetreiung 20 3. Accompagnement extrascolaire des enfants et des jeunes

    4. Verantwortungsbewosst an nohalteg Finanzpolitik 21 4. Politique financière responsable et durable

    5. Dezent, séchert a selbstännegt Liewen an eiser Gemeng 22 5. Pour une vie en sécurité

    III. Wat hu mär an deene leschte 6 Joer alles geschafft? 26III. Réalisations au cours des six dernières années

    1. Stellungnam a wichtegen Dossieren 26 1. Prise de position dans des dossiers importants

    2. Administratioun 27 2. Administration 2.1 Um Niveau vum Service um Bierger 2.2 Um Niveau vun den Infrastrukturen 2.3 Um Niveau vun de Servicer 2.4 Um Niveau vum Personal

    3. Schoul 29 3. Enseignement 3.1 Organisatioun 3.2 Infrastrukturen

    4. Ausserschoulesch Betreiung 30 4. Encadrement extrascolaire 4.1 Organisatioun 4.2 Infrastrukturen

    5. Sport 31 5. Sport

    6. Kultur 31 6. Culture 6.1 Infrastrukturen 6.2 Allgemeng Aktivitéiten

    6.3 Aktivitéiten an enker Zesummenaarbecht mat der Kultur- a Sportskommissioun

  • 7. Ëmwelt 33 7. Environnement

    8. Fräizäit a Jugend 33 8. Jeunesse et loisirs 8.1 Fräizäit 8.2 Kanner a Jugend

    9. Kult 34 9. Culte 9.1 Monnerech 9.2 Steebrécken

    10. Soziales, drëtten Alter an Immigratioun 35 10. Social, troisième âge et immigration 10.1 Infrastrukturen 10.2 Office social 10.3 Créatioun vum „GIM“ 10.4 Animatioun 10.5 Servicer 10.6 Creatioun vun der a.s.b.l „Monnerech hëlleft“ 10.7 Beschäftegungsmoossnamen

    11. Infrastrukturen 37 11. Infrastructures 11.1 Stroossen 11.2 Feldweeër 11.3 Gas 11.4 Kanalisatioun an Ofwaasser 11.5 Kollektiv Antenne 11.6 Kierfechter

    12. Opwäertung a Verschéinerung vum Duerfkär 39 12. Revalorisation du centre village 12.1 Monnerech 12.2 Biergem 12.3 Steebrécken 12.4 Féiz

    13. Ëffentlechen Transport 42 13. Transport public 13.1 Schülertransport 13.2 Buslinnen 307 a 17 13.3 Uschléisse vu weidere Wunnquartieren 13.4 Busarrêten 13.5 Informatioun 13.6 Weideres 14. Sécherheet 44 14. Sécurité 14.1 Pompjeeswiesen 14.2 Stroosseverkéier

    6 CSV MONNERECH

  • 7

    Léif Wielerinnen, léif Wieler,

    De 9. Oktober 2011 sidd Dir opgeruff fir duerch Äert Wahlrecht d’Zesummesetzung vum nächste Gemengerot nei ze bestëmmen. Mat Ärer Stëmm designéiert Dir déi Partei, an déi Leit, déi d’Geschécker vun eiser Gemeng déi nächst 6 Joer leede sollen.

    Mär hu probéiert Iech an dëser Brochure eis Aarbecht vun de leschte 6 Joer an enger objektiver a sachlecher Form duerzestellen. Vill vun dene Realisatiounen droen de Stempel vun der CSV, a villes konnt realiséiert ginn dank der wäitsichteger Finanz- an Investitiounspolitik aus de vergaangene Joeren. Huelt Iech déi néideg Zäit, léif Wielerinnen a Wieler, dëst Dokument a Rou ze liesen, fir Iech e kloeren Iwwerbléck an d’Entwécklung vun eiser Gemeng a vun eisem Wahlprogramm ze maachen.

    Villes ass geschitt : eist Schoulwiese mat der ausserschoulescher Betreiung ass beschtens opgestallt, den Duerfzentrum zu Monnerech setzt nei Akzenter, d’Realisatioun vum Park Molter huet ugefaang, d’Plaz bei der Kierch zu Steebrécken ass flott amenagéiert, op de neie Kulturzentrum „Beim Nëssert” zu Biergem mat der ugeluegter Spillplaz si mär, mengen ech, alleguer houfreg. All Quartier ass haut mat Gas versuergt, vill Stroosse goufen an d’Rei gesat, fir d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren. Grouss Investissementer goufen och an den Ukaf vu Gebailechkeeten a Lännereie gestach, fir esou eis Gemeng op d’Erausfuerderunge vu mar richteg opzestellen. De geplangte Bau vun enger Struktur fir „altersbetreit Wunnen” engersäits, esou wéi vun 18 Sozialwunnengen am Zentrum zu Monnerech anerersäits, ënnersträichen dobäi och déi grouss sozial Verantwortung vun eiser Partei. Villes ass ënnerholl ginn, fir d’Liewen an eiser Gemeng nei ze gestalten. Eng Politik fir Jonk an Al, eng Politik fir jiddwereen, eng Politik fir d’ganz Gemeng.

    D’CSV ass zënter 30 Joer am Schäfferot vertrueden; si huet groussen Undeel un der positiver Entwécklung vun der Gemeng. D’CSV ass nach ëmmer responsabel mat dem Vertrauen

    vun hire Wieler ëmgaangen. D’CSV huet et ëmmer nees fäerdeg bruecht sech ze regeneréieren. Och dës Kéier sinn et Leit aus Ärer Mëtt, déi eng kompetent an engagéiert Equipe forméieren. Zesummen huet dës Equipe en éiergäizegen, realistischen a virun allem finanzéierbare Wahlprogramm ausgeschafft, woubäi e puer grouss Prioritéiten ervirstiechen:

    Beliewung vum Wunnengsmaart, Energie a Klimaschutz, Kanner- a Jugendbetreiung, Sécherheet a gesond Finanzen.

    Op d’CSV ass Verlooss, fir si gëllt weiderhinn:„E kloere Bléck fir d’Gemeng Monnerech”.

    Léif Wielerinnen a Wieler, loosst Iech net ier féieren; stäerkt eis Equipe, d’Equipe vun der CSV.

    Äert Vertrauen ass eisen Usporn.

    Jeannot FürpassPresident vun der CSV Monnerech

    Chères électrices, chers électeurs,

    Le 9 octobre prochain auront lieu les élections communales. Ces élections vous permettent de désigner le Conseil Communal d’où sortira le Collège des bourgmestre et échevins, qui dirigeront les affaires de notre commune pour les six prochaines années.

    Le parti CSV a assumé la responsabilité de la direction des affaires communales pendant plus de trente ans. Au cours de cette période, Mondercange s’est développé en une commune moderne et dynamique.

    Cette brochure vous relate le bilan des réalisations faites au cours des six dernières années. Vous y trouverez également et surtout le programme que notre parti s’engage à réaliser, si vous lui accordez votre confiance le 9 octobre prochain.

    Nous comptons sur votre appui. Votre confiance sera notre motivation.

    Jeannot Fürpass

  • 8 CSV MONNERECH

    I. Wat wëlle mär eise Bierger an Zukunft bidden? 1. Eng biergerno Gemeng dem Bierger säin Uleies ass eis Suerg, dofir

    wëlle mär

    1.1 Méi Demokratie an der Gemeng

    • Zäitgerecht Abannung vun de berodende Kommissiounen an den Entscheedungsprozess vum Gemengerot

    • Aféierung vun engem Jugendgemengerot

    1.2 Méi Informatioun un de Bierger

    • Aféierung vum „Hotcity“ op verschidde Plazen an der Gemeng (Wifi-Uschloss, d.h. kabelfräi Verbindung zum Internet)

    • Bäibehale vun Informatiounsversammlunge fir d’Bierger bei wichtegen Dossieren

    1.3 Administrativ Vereinfachung a manner Pabeierkrich

    • Ausbau a Vereinfachung vun de Gemengegenehmigungen iwwert Internet

    • Kritesch Analyse iwwert Noutwennegkeet vu verschiddene Gemengegenehmigungen

    • Weider Verbesserung an Extensioun vum Internetsite vun der Gemeng „www.mondercange.lu.“

    • Duerchféieren, an Zesummenaarbecht mat dem Gemengepersonal, vun engem externen Audit, fir an Zukunft een optimalt Funktionéiere vun der Gemeng ze garantéieren an dem Bierger de beschtméigleche Service ubidden ze kënnen

    I. Ce que nous envisageons de réaliser au cours des six prochaines années1. Service au citoyen

    Information des citoyens pour les projets importants à réaliser ; engagement prématuré des commissions consultatives dans le processus décisionnel du conseil communal ; création d’un conseil communal pour jeunes ; simplification des autorisations communales ;audit externe en collaboration avec le personnel communal en vue de garantir un fonctionnement optimal des services communaux.

    v.l.n.r. Norbert HAUPERT, Jacqueline DENGLER, John SMIT, Connie MULLER-GERARD, Claude CLEMES, Alexa ENSCH-HERZIG, Jeannot FÜRPASS, Jeannot CLEMENT, Michel MARTINS DE SOUSA, Jacqueline KIEFFER-STEICHEN, Mondo VALMORBIDA, Mariette BEMTGEN-NICKELS, Tun SCHOLTES

  • 9

    2. Eng kanner- a familljefrëndlech Gemeng

    D’Kanner sinn eis Zukunft, dofir musse mär Suerg droen, datt

    2.1 d‘Schoulen an d‘Bildung un hir Besoinen ugepasst sinn

    • Upasse vun de Schoulgebaier un d’Entwécklung vun dem Schoulsystem an der Zuel vun de Kanner

    • Biergem/Steebrécken: Zesummeleeë vu Precoce a Grondschoul (Cycle 1) an d’Schoul esou wéi an d’Maison Relais zu Steebrécken

    • Weider Ënnerstëtzung vun der Integratioun vun de Kanner mat Behënnerung an den normale Schoulbetrib

    • Ausbau vum Ugebuet vun Hausaufgabenhëllef iwwert MRCM (Maison Relais Commune Mondercange)

    • Schoulrestaurant weider kannergerecht funktionéiere loossen

    • Weider Ënnerstëtzung vum Pedibus d.h.Kanner ënner der Opsiicht vun enger fräiwëlleger Persoun zu Fouss an d’Schoul ze begleeden

    2.2 d’Kannerbetreiung fir jiddereen assuréiert ass

    • Schafung vun enger gemengeneegener Kannercrèche zu Biergem (fréiere Precoce)

    • Mëttelfristeg integral Notzung vun der fréierer Zentralschoul zu Monnerech als „Maison Relais“ (Plaz fir 100 Kanner)

    • Ausweitung vum Projet MUMO (Multisports Mondercange) op kulturell Aktivitéiten (Danz, Musék, Theater)

    • Hëllefstellung vun der Gemeng fir alengerzéiend Eltere bei stënderlecher Krankheet vun engem Kand

    Ee méi ausféierleche Bäitrag iwwer dësen Eckpunktaus eisem Wahlprogramm fannt dir am Kapitel II(Säit 20-21).

    2. Service aux enfants et à la jeunesse

    Education et écoles

    Adaptation des infrastructures scolaires au développement du nombre d’écoliers et du système scolaire ; centralisation du précoce et du cycle 1er de l’enseignement fondamental pour les enfants de Bergem et Pontpierre à Pontpierre ; intégration des enfants avec handicap dans l’enseignement fondamental ; extension de l’offre d’aide aux devoirs à domicile ; encouragement du « Pedibus » (accompagnement des enfants se rendant à pied à l’école).

    Encadrement des enfants

    Création d’une crèche communale à Bergem ; extension du projet « MUMO » à des activités culturelles.

    Biergem, hei soll eng Kannercrèche entstoen

  • 10 CSV MONNERECH

    2.3 d’Jugend sech entfale kann

    • Schafe vun enger neier Opfaanginfrastruktur fir Jugendlecher tëschent 12 a 15 Joer (7e - 9e/5e) mat Ubidde vun Hausaufgabenhëllef am Kontext vu MRCM (Maison Relais Commune Mondercange)

    • Verstäerkt Ënnerstëtzung vun der Jugendaarbecht an de Veräiner duerch qualifizéiert Traineren

    2.4 d‘Erwuessenebildung keen eidelt Wuert bleift

    • Weider Ënnerstëtzung vun den Aktivitéiten am Beräich Weiderbildung (Computer- a Sproochecoursen)

    2.5 d‘Fräizäit ausgelaascht ass

    • Ausbau an Ofsécherung vun de Spillplazen

    • Reglementéierung fir d’Benotzung vun de Spillplazen

    • Ausbau vun de Sportinfrastrukturen - synthetische Fussballsterrain am Zentrum vu

    Monnerech - Tennisfelder - Uleeë vun engem zousätzleche synthetische

    Spillfeld bei der Schoul zu Monnerech

    Jeunesse

    Encouragement des équipes des jeunes dans les clubs ; création de structures d’accueil pour jeunes entre 12 et 15 ans (classes de 7e à 9e/5e) et offre d’aide aux devoirs à domicile.

    Loisirs

    Sécurisation des aires de jeux ; règlementation de l’utilisation des aires de jeux ; extension des installations sportives et création d’aires synthétiques auprès des écoles.

    Logement

    Réalisation des projets de logements sociaux votés par le conseil en place ; réalisation de projets supplémentaires en collaboration avec les ministères concernés ; réalisation d’un projet « location-vente » ensemble avec le ministère du logement.

    Spillplaz beim Centre Culturel zu Biergem

  • 11

    2.6 Dezent Wunne fir jiddereen erschwénglech gëtt

    • De gestëmmte Projet vu gemengeneegene Sozialwunnengen zu Monnerech zügeg ofschléissen

    • Realisatioun vum Projet „EcoWunnpark“ beim Park Molter, wou 50 Wunnengen an Ausféierung nom Passivhaus Standard entstinn

    • Konsequent Asetze fir weider Ëmsetzung vun esou Projeten ënner ëffentlecher Regie

    • Ausschaffe vun engem Pilotprojet „Mietkaf“ an Zesummenaarbecht mat dem Familljeministère

    Ee méi ausféierleche Beitrag iwwert d’Problematik vum Wunnengsmaart, ee vun den Eckpunkten an eisem Wahlprogramm, fënnt een am Kapitel II (Säit 18).

    Projet „Eco Wunnpark“ beim Park Molter

  • 12 CSV MONNERECH

    3. Eng sécher Gemeng D’Sécherheet vun eise Bierger läit eis um

    Häerz

    3.1 Sécherheet fir all eis Bierger

    • Astellung vun engem Gemengenuerdnungshidder

    • Opstelle vun Iwwerwaachungskameraen op besonnesch brenzleche Punkten

    • Systematescht Equipéiere vun eise Gemengegebaier mat Alarmanlagen

    • D’Sécherheet an eiser Gemeng nach verbesseren. An enker Zesummenaarbecht mat der Police versichen, méi Präsenz an den Uertschaften ze weisen, fir präventiv op de Vandalismus an d’Abréch anzewierken

    3.2 Verkéierssécherheet an der ganzer Gemeng

    • Aféiere vun Tempo 30-Zonen a verschidde Wunnquartieren

    • An Zesummenaarbecht mam „Ponts et Chaussées“ eng Léisung fannen, fir méi Sécherheet op de Stroossen tëschent Monnerech an Éileng resp. Féiz a Biergem

    • Installéiere vun engem Geschwëndegkeetsuweiser tëschent Biergem a Steebrécken

    3.3 Rettungsdéngscht bleift eng Prioritéit

    • Ënnerstëtzung fir Pompjeeën am Kontext vun der Ausbildung an der Ausrüstung

    3.4 Fir d’Gesondheet vun eise Bierger wëlle mär weiderhi suergen

    • Informatiounskampagnen iwwert Grippenimpfung duerchféieren

    • Zousätzlech Éischthëllefscoursen organiséieren

    • Zousätzlech Defibrillatoren installéieren an se esou kennzeechnen, datt se liicht accessibel sinn

    Ee méi ausféierleche Bäitrag iwwert dëse weideren Eckpunkt aus eisem Wahlprogramm fënnt een am Kapitel II (Säit 22-23).

    3. Sécurité et santé

    Engagement d’un agent de sécurité communal ; installation de caméras de surveillance aux endroits sensibles ; introduction de zones « tempo 30 » dans différentes zones d’habitation ; installation d’un panneau d’indication de vitesse entre Bergem et Pontpierre ; encouragement du service de sécurité (matériel et formation) ; campagnes d’information sur la vaccination contre la grippe ; organisation de cours de premier secours ; installation de défibrillateurs supplémentaires.

  • 13

    4. Eng Gemeng an deer et sech gutt zesumme lieft

    Fir datt keen am Ree stoe bleift

    4.1 Sozial Froen, all Mënsch zielt fir eis

    • Weideren Ausbau vum neie Sozialdéngscht, GIM (Gestionnaire des services sociaux et d’intergénération de la Commune de Mondercange asbl), dee folgend Beräicher begräift: Club Senior, Restaurant Club Senior a „Repas sur roues“, Gestioun vun altersbetreit Wunnen, Gestioun vun de Gemengewunnengen, Ausschaffe vun de Verkaafsbedingungen fir d’Gemengebauplazen

    • Ënnerstëtzung vu „Monnerech hëlleft asbl“

    4.2 D’Seniore verdingen eise Respekt an eis Unerkennung

    • Realisatioun vum Projet altersbetreit Wunnen (26 Appartementer). Eng Struktur fir senioregerecht betreit Wunne gëtt zu

    Monnerech Eck Lampecher-Reckengerstrooss gebaut. Hei kënnen eeler Leit an enger betreiter Struktur, a grousser Selbstännegkeet, méi geloosse wéi doheem fir sech wunne bleiwen. De Club Senior, dee sech iwwer Joere bewährt huet, gëtt an déi Struktur integréiert an de „Repas sur roues“ soll dann och vun do aus assuréiert ginn

    4.3 Mënsche mat Behënnerung an eis Gesellschaft abannen

    • Behënnerten Aarbechtsgrupp bäibehalen. D’Gemeng wäert och an Zukunft hire legalen Obligatiounen, wat d’Beschäftegung vu Leit mat Behënnerung

    ubelaangt, nokommen, fir deene Matmënschen hir Onofhängegkeet esouwäit wéi méiglech ze assuréieren

    • Weider behënnertegerechten Zougang an de Gemengeninfrastruktur schafen

    • Upassung vun de Bordsteng bei den Zebrasträifen u Leit am Rollstull

    • Leitsträife fir Sehbehënnert do uleeën, wou se gebraucht ginn

    4.4 Flüchtlingsproblematik

    • Verantwortung iwwerhuelen no de Méiglegkeete vun der Gemeng. Am Respekt mat deene betraffene Leit, an a voller Solidaritéit mat deenen anere Gemengen, wäert eis Gemeng och an Zukunft säi Bäitrag zur Opnam vun Asylbewerber leeschten an déi Leit iwwer eise Sozialservice an hiren deegleche Problemer ënnerstëtzen a begleeden

    4. Intégration sociale

    Encouragement et soutien du nouveau service social ; soutien de l’association « Monnerech hëlleft asbl » ; réalisation du projet « altersbetreit Wunnen » (habitations pour personnes âgées indépendantes mais partiellement encadrées) à Mondercange ; encouragement de l’équipe communale de travailleurs avec handicap ; adaptation des accès aux infrastructures communales pour personnes avec handicap ; accueil de demandeurs d’asile dans le respect de la dignité de ces personnes et dans un esprit de solidarité nationale.

    Projet „Betreit Wunnen“ zu Monnerech

  • 14 CSV MONNERECH

    5. Eng lieweg Gemeng Keng Schlofgemeng, awer eng Gemeng

    wou een d’Liewe spiert, dofir wëlle mär

    5.1 den Zentrum weider beliewen

    • Duerch d’Ëmsetzung vun der zweeter Phase vum Masterplang

    5.2 d‘Veräiner stäerken

    • Geziilt Ënnerstëtzung vun der Jugendaarbecht

    • Weider Ënnerstëtzung vun de lokale Veräiner

    • Schafung vun engem neien, funktionellen an zentrale Veräinshaus zu Monnerech

    5.3 Kultur- a Sportsmanifestatiounen ënnerstëtzen

    • Ausbau vum „Monnerecher Kulturprogramm“ am Aklang mat de lokale Veräiner

    • Iwwerschaffe vun de Kriterie fir d’Festleeung vun de Subside fir d’Veräiner

    5.4 den Tourismus an d’Fräizäitgestaltung förderen

    • Fleeg an Ausbau vu Spazéier- resp. Vëlosweeër

    • an Zesummenaarbecht mat de staatlechen Instanzen ee Konzept ausschaffen, fir ze versichen, d’Uertschafte vun der Gemeng mateneen ze verbannen an un d’nationalt Vëlosnetz unzeschléissen

    • Opriichte vu Grillplazen (Mettendall, Monnerecher Waassertuerm)

    • Beschëlderung an Ausschaffe vun enger Kaart mat alle Vëlospisten a Spazéierweeër an der Gemeng

    5.5 de lokalen Handel ënnerstëtzen

    • Opwäertung vum Duerfzentrum Monnerech an Ënnerstëtzung vun de lokale Geschäfter

    • Asetze fir eng proper an attraktiv Aktivitéitszone zu Féiz. D’Botzaktioune sollen zesumme mat de Betriber iwwert déi ganz Zone organiséiert ginn

    5.6 d’Baueren bei hirer Aarbecht net anenken

    • Eng Gesellschaft ouni Landwiertschaft ass eng aarm Gesellschaft. D’CSV setzt sech an, fir datt eis Baueren och an Zukunft hire Betrib ouni Contrainten exploitéiere kënnen

    5. Commune vivante

    Encouragement des clubs locaux surtout dans leur travail d’encadrement des jeunes ; réalisation d’une maison associative communale à Mondercange ; extension du programme culturel ; révision des critères pour subsides aux associations ; entretien et extension des promenades ainsi que des pistes cyclables ; aménagement d‘aires de barbecue et de pique-nique ; encouragement des commerces locaux par une revalorisation du centre village ; soutenir les agriculteurs dans l’exploitation de leur entreprise.

    Duerfkär Monnerech

  • 15

    Mär setzen eis fir d‘Baueren an

  • 16 CSV MONNERECH

    6. Eng nohalteg Gemeng Net nëmmen eis Generatioun, awer och

    eis Nokomme solle sech an eiser Gemeng wuel fillen

    6.1 Bësch a Gréngfläche mussen erhale bleiwen an ausgebaut ginn

    • Park Molter fäerdegstellen

    • Ënnerstëtzung vu Projeten an Zesummenaarbecht mat dem „Sicona“

    6.2 Kaméidi a Loftverschmotzung mussen agegrenzt ginn

    • Fuerderung fir d’Ëmsetzung vun der EU-Direktiv betreffend Kaméidi a Loftverschmotzung am Beräich vun der Autobunn (Steebrécken a Féiz)

    • Analyse vun der Loftverschmotzung an der Gemeng regelméisseg duerchféiere loossen, a publizéieren

    6.3 Energie a Klimaschutz mussen eng Prioritéit ginn

    • Energie aspueren resp. effizient notzen - Gemeng an der Virreiderroll: Suivi vun der

    Stroum- an Heizungsenergie; Heizungsanlagen op de leschte Stand setzen; Stroossebeliichtung op LED-Technik ëmrëschten

    - Beim Erschléisse vun neie Lotissementer: Bauweis no Passivhaus- oder Niddregenergiehausstandard ureegen; Energieversuergung mat Wäermenetz ënnersichen; Kompakte Wunnengsbau virschloen; Aplange vu Solarzellen

    - Ënnerstëtzung bei der energetescher Sanéierung vun den Haiser: Konsequent a fachlech Berodung; Zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung zu den elo scho bestehende staatleche Bäihëllefen

    • Eegenproduktion vu Stroum fir d’ganz Gemeng als laangfristegt Zil an d’A faassen: Bau vun enger Wandkraaftanlag; Bau vun engem Solarpark

    Ee méi ausféierleche Bäitrag iwwert dëse weideren Eckpunkt aus eisem Wahlprogramm fënnt een am Kapitel II (Säit 19-20).

    6.4 Waaserpräis nohalteg upassen

    • Festleeë vun engem gerechte Präis fir d’Waasser, deen un d‘Gestehungskäschte ugespasst ass. Fir déi verbrauchsintensiv Betriber wëlle mär d’Empfehlung vum Inneministère applizéieren

    6.5 Kommunal Flächennotzung a Bebauungspolitik mussen nohalteg ginn

    • D’Aarbechte fir den neie PAG ofschléissen an dat neit Bautereglement un déi aktuell Gegebenheeten upassen

    • Erschléisse vun neie Wunngebitter durch Gemeng

    Vue op de Park Molter zu Monnerech

  • 17

    6.6 Mobilitéit a Verkéier mussen un d‘Liewensqualitéit vun eise Bierger ugepasst ginn

    • Ausbau an Ënnerstëtzung vum ëffentlechen Transport

    - Bushaltestelle méi attraktiv gestalten: Fahrplanginformatiounen mat den Uschlossverbindungen duerstellen

    - Aktuell Fahrtzäiten online uweisen - D’Buslinn 17 (Steebrécken-Monnerech-Esch)

    un d’Europa- resp. d’Lëtzebuergerstrooss zu Steebrécken ubannen

    - Konzept fir besser Verbindung zu den Eisebunnslinnen ausschaffen

    - Mär wäerten eis fir d’Ausschaffe vun engem Konzept fir d’Schafung vun engem Tram am Süde mat abannen, an eis un de Bespriechunge am Kader vum Prosud bedeelegen

    - Eise Verkéiersystem soll regelméisseg op Effizienz a Käschten iwwerpréift ginn

    • Verkéiersberouegung an eisen Uertschaften - Intelligent Steierung vum Verkéiersfloss iwwer

    Verkéiersluuchten op de kritesche Punkten - Mär fuedere weider den Ausbau vun der

    Autobunn A4 tëschent de Verdeeler Féiz an Esch/Lankhëlz fir d’Uertschafte Monnerech a Féiz vum Duerchgangsverkéier ze entlaaschten

    - Mär insistéiere weider op de schnelle Bau vum neie Verdeeler zu Steebrécken

    - Problematik Parkraum: • Den Ausbau vum Parking beim Centre

    Arthur Thinnes am Kontext „Masterplang Zentrum Monnerech“ virgesinn

    •Mär wäerte fir eng ugepasste Reglementéierung vum ëffentleche Parkraum antrieden

    6.7 Stroosseninfrastrukturen an ee gudden Zoustand setzen

    • Biergem: rue Basse, rue de la Forêt

    • Steebrécken: route d’Europe (Phase 2), rue des Forges

    • Monnerech: rue de Pontpierre (ënneschten Deel), rue de Neudorf, rue de la Colline

    6.8 Weider Projeten

    • Astandsetzen an Opwäertung vun de Kierfechter zu Biergem, Monnerech a Steebrécken

    • Ënnerhalt vun der Kierch zu Biergem

    • Ee Programm iwwert e laangfristegen Ausbau vum Centre Culturel Arthur Thinnes ausschaffen a Verbindung mat de jëtzegen Infrastrukturen ëm d’Gemeng

    6.9 Eis Finanzpolitik muss esou ausgeriicht bleiwen, datt mär eise Kanner hir Zukunft net verbauen

    Obschonns eis Gemeng während der Legislatur 1999-2005 (vun der CSV geféierte Schäfferot), 26 Mio e am extraordinäre Budget fir gréisser Investitiounen ausginn hat, ass d’Verscholdung vun der Gemeng an deem Zäitraum net geklomm. 56 Mio e sinn an dëser Mandatsperiod a nei Projeten investéiert ginn. Eis Verscholdung ass vun 5,1 Mio e op 18,6 Mio e an d’Luucht gaang. Dobäi muss ee bemierken, datt d’Gemeng fir d’Uschafe vu Bauterrain fir private Wunnengsbau, fir soziale Wunnengsbau a fir altersgerecht betreit Wunnen 9 Mio e virfinanzéiert huet, Suen, déi der Gemeng kuerz a mëttelfristeg zréckbezuelt ginn.

    D’CSV ass de Garant fir eng virsiichteg, verantwortlech a nohalteg Finanzpolitik

    Och an Zukunft wëlle mär eis fir eng verantwortungsbewosst Finanzpolitik asetzen. D’Gemengerecette mussen esou ausgeriicht sinn, fir datt mär eise Bierger weider effektiv a leeschtungsfäeg Servicer ubidde kënnen.

    Ee méi ausféierleche Bäitrag iwwer dësen Eckpunkt aus eisem Wahlprogramm fannt dir am Kapitel II(Säit 21-22).

    6. Développement durable de la commune

    Aménagement du parc Molter ; respect de la directive européenne concernant le bruit et la pollution aux alentours de l’autoroute à Foetz et Pontpierre ; économies et utilisation efficiente de l’énergie ; objectif à long terme : production en régie propre des besoins en énergie pour toute la commune par la création d’un parc d’éoliennes et de capteurs d’énergie solaire ; extension et encouragement du transport en commun ; réduction du trafic local (aménagement de l’échangeur Pontpierre ; amélioration de l’échangeur Lankhëlz) ; aménagement de l’infrastructure routière (rues neuve, de la colline et de Pontpierre à Mondercange, route d’Europe et rue des forges à Pontpierre ainsi que rue basse, de la forêt à Bergem) ; poursuite d’une politique financière responsable et durable.

  • 18 CSV MONNERECH

    II. Beiträg zum Wahlprogramm 1. Animatioun vum lokale

    Wunnengsmaart Fir datt all Bierger an eiser Gemeng iwwer

    eng dezent Wunneng verfügt

    D’CSV wäert sech dofir asetzen, fir datt an Zukunft d’Bauen an eiser Gemeng erëm bezuelbar gëtt, an datt all Bierger iwwer eng dezent Wunneng verfüge kann. Obschonn den aktuelle Bebauungsplang vun der Gemeng ee Wuesse vun eiser Bevölkerung op 9.500 Awunner géing zouloossen, gëtt am Moment wéineg an eiser Gemeng gebaut. D’Ursaache leie bei de laange Genehmegungsprozeduren, bei de verworfene Lotissementsprojeten a bei der Retentioun vun ausgewise Bauplazen duerch hire Propriétaire. Hei ass d’ëffentlech Hand gefuerdert. Eis Gemeng huet an deem leschte Joer, am Kader vum „Pacte Logement“, eng Rei Moosnamen ergraff, fir de Wunnengsmaart ze animéieren an d’Offer vu Bauland a Mietwunnengen ze förderen. Mär wëllen des Mesuren an Zukunft weiderféieren.

    Un éischter Stell wëlle mär all privat Projeten, déi de Wunnengsbau betreffen, an déi sech an de kohärente Bebauungsplang vun der Gemeng afügen, ënnerstëtzen. Duerch eng fachlech Berodung vun der Gemeng wëlle mär zu enger Verkierzung vun der Baugenehmegung bäidroen.

    Wann d’Geleeënheet fir d’Gemeng sech bitt, selwer Bauterrain ze kafen (mat der Steierimmunitéit

    vun der Plusvalue fir de Verkäfer), wëlle mär Lotissementsprojeten duerch d’Gemeng weider ënnerstëtzen, wann déi Terrainen dann zum Gestehungspräis u jonk Leit aus der Gemeng weider verkaaft ginn. Et versteet sech, datt wann déi Terraine vun de jonke Leit, bannen engem gewëssen Delai weider verkaaft ginn, d’Plusvalue, déi op deem Verkaf realiséiert gëtt, un d’Gemeng zréckfléisse muss.

    Déi éischt gemengeneege Mietwunnenge goufen, ënnert deem vun der CSV geféierte Schäfferot, an der Reckengerstrooss zu Monnerech realiséiert. Ee Projet fir eng zousätzlech 18 Sozialwunnengen ass genehmegt. Well och an Zukunft zu Lëtzebuerg nach net all Mënsch sech säin Eegenheem wäert leeschte kënnen, wëll d’CSV sech fir ee weideren Ausbau vu gemengeneegene Mietwunnengen asetzen, fir datt all Bierger sech eng dezent Wunneng, zu engem, sengem Akommes ugepasste Loyer, leeschte kann.

    An Zesummenaarbecht mat dem Wunnengsbauminister wëll d‘CSV ee Pilotprojet vun Eegenheembeschafung iwwer eng „location-vente“ duerchzéien. An enger éischter Phase, wou de jonke Mënsch nach net iwwer genügend Eegemëttel verfügt, kritt hien d’Wunneng verlount. Wëll hien an enger zweeter Phase Propriétaire vun der Wunneng ginn, da gëtt him dee schonns bezuelte Loyer um Verkaafspräis ugerechent.

    Am Fall wou all déi Moosnamen net zu enger Berouegung vun den Terrainspräisser um Maart féiert, muss ee sech d’Fro stellen, ob een d’Offer vun de Bauterrainen net duerch eng Erweiderung vum allgemenge Bebauungsplang (PAG) favoriséiere muss.

  • 19

    II. Points clés de notre programme1. Animation du marché du logement

    Une des principales causes de la stagnation de notre population réside dans le manque d’animation du marché du logement. Bien que le plan d’aménagement de notre commune actuellement en vigueur permette des constructions de logements justifiant un accroissement de la population jusqu’à quelque 9.500 habitants, le marché du logement est resté plus ou moins inerte parce que des projets de lotissements ont été rejetés par la commission d’aménagement, parce que des terrains à bâtir sont laissés en friche par leur propriétaire et parce que les procédures d’autorisation durent trop longtemps. Tout ceci a déterminé une inadaptation de l’offre de terrains à bâtir à la demande, ce qui a mené à un renchérissement excessif de leur prix. L’intervention du pouvoir public sur le marché du logement s’impose.

    L’actuel Collège des bourgmestre et échevins a décidé de réaliser un lotissement d’environ 50 logements au parc Molter. Les terrains seront vendus au prix de revient à des jeunes ménages de préférence à ceux issus de familles résidant dans notre commune. La réalisation d’un ensemble de logements locatifs est projetée dans la rue de Reckange.

    Notre parti s’engage à poursuivre la politique de logement entamée par l’actuelle coalition en exploitant les moyens mis à disposition des communes par la loi sur le pacte logement. Nous nous engageons

    par ailleurs à encourager l’initiative privée dans la réalisation de projets de lotissements qui s’intègrent parfaitement dans le plan d’aménagement de notre commune en accélérant dans la mesure du possible les procédures d’autorisation. Nous préconisons une extension ordonnée de notre commune dans le cadre des dispositions du nouveau plan d’aménagement en élaboration, dans l’intérêt des jeunes gens de notre commune désirant accéder à la propriété et dans le respect des besoins des personnes à la recherche d’un logement locatif.

    2. Energie a Klimaschutz nei iwwerdenken

    Mär kënnen d’Zukunft vun eise Kanner net dem Zoufall iwwerloossen

    Déi rezent Evenementer hu gewisen, datt d’Sécherheet vun der Atomenergie net garantéiert ass. Dofir ass d‘CSV gewëllt seng Energiepolitik ze iwwerdenken, a konsequent, awer ouni an d‘Hektik ze verfalen, op erneierbar Energien ze setzen. Eist laangfristegt Zil wär den Energiebedarf vun eiser Gemeng aus eegene Mëttelen ofzedecken. Dëst Zil wëlle mer iwwer zwee Weeër erreechen: iwwer d’Energiespuermoossnamen an iwwer d’Energieproduktioun aus alternativen Energien.

    D’Energiespuermoossname mussen eescht geholl ginn. De Verbrauch vu Stroum a Wäermt muss an alle Gemengegebaier iwwerwaacht ginn, fir datt d’Energiespuerpotentialer erfaasst kënne ginn. Sämtlech Heizungsanlagen an den ëffentleche Gebaier sollen op de leschte Stand vun enger effizienter Energienotzung ugepasst ginn. D’Stroosseluuchte ginn no a no op déi spuersam LED-Technik ëmgestallt.

  • 20 CSV MONNERECH

    Bei neie Lotissementer muss d’Gemeng mat Zäiten hiren Afloss op d’Energieversuergung an den Energieverbrauch geltend maachen; duerch d‘Uregung fir eng Passivhausbauart oder de Bau vu Niddregenergiestandard-Haiser, fir eng méi kompakt Bauweis a fir d’Installatioun vu Solarzellen. D’Effizienz iwwer d‘Notzung vun enger zentraler Energieversuergung mat engem Nowäermenetz soll an deene Fäll ëmmer ënnersicht ginn.

    D’Sanéierung op Energiespuermoossname vun alen Haiser soll duerch eng kompetent Berodung vu Säite vun der Gemeng an, eventuell, duerch eng zousätzlech finanziell Hëllef zu dem staatleche Spuermoossnameprogramm, ënnerstëtzt ginn.

    D’Eegeproduktioun vu Stroum a Wäermt aus alternativen Energien muss konsequent an d’A gefaasst ginn. D’Leeschtung vun der neier Generatioun vu Wandkraaftanlagen ass esou verbessert ginn, datt mat e puer Wandmillen den Energiebedarf vun enger ganzer Gemeng ofgedeckt kéint ginn. Dofir setzt d’CSV sech fir en Investissement an d’Wandenergie, am Kader vum sektorielle Plang fir Wandkraaftanlage vun der Regierung, an.

    Komplementar zu de Wandmille kéint ee Solarpark an eiser Gemeng, beispillsweis op der demnächst fäerdeg gestallter Bauschuttdeponie, installéiert ginn.

    D’CSV wäert och weiderhin de Bau, vum „Minett-Kompost“ Syndikat, vun enger Aspeisungsanlag vum ufällege Methangas an dat lokalt Südgaz-Netz, ënnerstëtzen.

    Duerch all dës Moossname soll eis Gemeng e wesentleche Bäitrag zur Reduzéierung vun den CO2-Emissiounen, mat hirem positiven Impakt op de Klima, leeschten.

    2. Politique d’énergie et de protection de l’environnement

    Afin de ne pas compromettre notre avenir et celui des générations futures, nous sommes d’avis qu’il faut mener de sérieuses réflexions sur une nouvelle politique d’énergie et d’environnement. Il faut envisager d’assurer, à moyenne et longue échéance, la couverture des besoins en énergie de notre population par nos propres moyens. Cet objectif pourrait être atteint à travers deux mesures clés : réalisation d’économies d’énergie à tous les niveaux (commune et particuliers) et utilisation plus efficiente de l’énergie

    produite ; production d’énergies alternatives par nos propres moyens (aménagement d’un parc d’éoliennes et d’un ensemble d’installations photovoltaïques).

    3. Ausserschoulesch Kanner- a Jugendbetreiung

    Eis Jugend ass eis Zukunft

    Eis Gesellschaft vun haut ass eng aner wéi déi vu viru fofzeg Joer. Mat eiser Gesellschaft huet sech och d’Zesummeliewen an eise Famillje verännert. Mamm a Papp gi meeschtens zesumme schaffen. Dat däerf net op d’Käschte vun der Erzéiung vun de Kanner goen. D’Kanner däerfe sech net selwer iwwerlooss bleiwen. D’CSV sezt sech fir d’Schafe vun engem Kader an engem zesummenhängende Konzept fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vum klenge Kand bis zum Jugendlechen an eiser Gemeng an. Am Prinzip handelt et sech drem déi bestoend Struktur „Maison Relais de la Commune de Mondercange“ (MRCM) auszebauen an déi ausserschoulesch Betreiung op déi Jugendlech vun 12 bis 15 Joer auszedeenen.

    Dëst bedeit net d’Aféiere vun enger obligatorescher Ganzdaagsschoul. D’Eltere solle selwer decidéieren, ob se wëlle vun deser Offer Gebrauch maachen, oder ob se léiwer d’Betreiung vun hire Kanner ausserhalb vun der Schoulzäit selwer an d’Hand wëllen huelen.

    Fir d’Realisatioun vun esou engem Kozept proposéiert d’CSV:1. D’Créatioun vun enger Crèche zu Biergem. An der

    aler Primärschoul kéint eng Crèche fir 24 Kanner agericht ginn, déi ënner der Leedung vun MRCM fonktionéiere soll.

    2. De Pilotprojet vun enger Zesummenaarbecht tëscht Précoce a Maison Relais, deen zur vollster Zefriddenheet vun alle Partner zu Steebrécken fonktionéiert, soll op déi aner Uertschaften iwwerdroe ginn.

    3. D’Maison Relais zu Monnerech an der fréierer Primärschoul soll, wann de Club Senior an déi nei geschafe Infrastruktur altersbetreit Wunnen integréiert gëtt, fir méi Kanner ausgebaut ginn.

    4. De Projet MUMO (Multisports Monnerech) soll op kulturell Aktivitéiten ausgebaut ginn. Ee synthetischen Terrain soll niewt der Gemeng ugeluecht ginn, deen esouwuel vun dem MUMO wéi och vun de Klassen aus der Grondschoul benotzt ka ginn.

    5. D’Maison Relais soll och eng Offer fir ausserschoulesch Betreiung vu Jugendlecher vum ënneschten Zyklus vum Lycée (7e bis 5e resp. bis 9e) ubidden.

  • 21

    6. D’Aktivitéite vun dem Jugendhaus sollen a méi enker Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert ginn.

    7. D’Ënnerstëtzung vun der Jugendaarbecht an de Veräiner soll weider ausgebaut ginn, duerch de Finanzement vu qualifizéierten Trainer a Moniteuren, an d’Schafe vu neie synthetischen Infrastrukturen am Zentrum vu Monnerech.

    3. Accompagnement extrascolaire des

    enfants et des jeunes

    Notre société a complètement évolué au cours des cinquante dernières années. Cette évolution a amené des modifications profondes dans notre manière de vivre en famille. La cohabitation intergénérationelle n’existe presque plus. Dans la plupart des ménages, mari et épouse travaillent en dehors du domicile. Ces changements ne doivent pas entraver le développement des enfants qui parfois restent abandonnés à eux-mêmes.

    Notre parti s’engage à développer un concept global garantissant une prise en charge de qualité des enfants jusqu’à l’âge de 15 ans, en dehors de la fréquentation scolaire.

    Ce concept nécessite :1. l’installation d’une crèche pour enfants de moins

    de 3 ans dans le bâtiment de l’ancienne école primaire de Bergem ;

    2. l’extension du projet pilote organisé à Pontpierre, concernant une collaboration entre maison relais et enseignement précoce, à d’autres localités ;

    3. l’agrandissement de la maison relais sur l’ensemble

    du bâtiment de l’ancienne école primaire à Mondercange, dès que le club senior aura intégré la nouvelle infrastructure « altersbetreit Wunnen » coin rue de Reckange rue de Limpach ;

    4. l’extension du projet MUMO (Multisports Mondercange) sur des activités culturelles ;

    5. la prise en charge extrascolaire des jeunes fréquentant les classes de 7e à 9e resp. 5e de nos lycées ;

    6. une collaboration plus étroite avec la commune concernant l’organisation des activités de la maison des jeunes ;

    7. le renforcement de l’appui apporté à l’encadrement des jeunes dans nos clubs sportifs et culturels.

    4. Verantwortungsbewosst an nohalteg Finanzpolitik

    Fir datt ëmmer een Apel fir den Duuscht iwwereg bleift

    Obschonns eis Gemeng während der Legislatur 1999-2005 (vun der CSV geféierte Schäfferot), 26 Mio eam extraordinäre Budget fir gréisser Investitiounen ausginn hat, ass d’Verscholdung vun der Gemeng an deem Zäitraum net geklomm. Dat huet dësem Gemengerot déi néideg Loft verschaaft fir weider an d’Zukunft vun eiser Gemeng ze investéieren. 56 Mio e si vun dësem Gemengerot an nei Projeten investéiert ginn. Eis Verscholdung ass vu 5,1 Mio e op 18,6 Mio e an d’Luucht gaang. Dobäi muss ee bemierken, datt d’Gemeng fir d’Uschafe vu Bauterrain fir private Wunnengsbau, fir soziale Wunnengsbau a fir altersgerecht betreit Wunnen 9 Mio e virfinanzéiert huet, Suen, déi der Gemeng kuerz a mëttelfristeg zréckbezuelt ginn.

  • 22 CSV MONNERECH

    De prozentualen Undeel vun de Recetten, dee pro Joer op d’Schold zréckbezuelt muss ginn, läit dëst Joer bei 8,36%. Dës duerchaus acceptabel Kennzuel luch am Duerchschnëtt vun 2000 bis 2005 bei 9,36%. Anescht duergestallt: den absolute Betrag (Annuitéit), dee pro Joer op d’Schold ab 2011 zréckbezuelt muss ginn, ass 1,6 Mio e géintiwwer am Duerchschnëtt 1,2 Mio e vun 2000 bis 2005, woubäi awer d’Recetten am Duerchschnëtt vun 12,5 Mio e op 19,1 Mio e (Budget 2011) gewuess sinn, d.h. ee Plus vun 53%.

    D’CSV ass de Garant fir eng virsiichteg, verantwortlech an nohalteg Finanzpolitik

    Och an Zukunft wëlle mär eis fir eng verantwortungsbewosst Finanzpolitik asetzen. D’Gemengerecette mussen esou ausgeriicht sinn, fir datt mär eise Bierger weider effektiv a leeschtungsfäeg Servicer ubidde kënnen. D’Fonctionnementskäschte vun der Gemeng mussen esou agegrenzt bleiwen, datt mär am ordinäre Budget en Iwwerschoss behalen, fir nei Investissementer kënne virzehuelen. D‘Waasser- an d’Ofwaasserpräiser wäerte mär, esou wéi virgesinn, op den 1. Januar 2012 erhéijen, fir se de Gestehungspräiser unzepassen. Fir déi Leit mat nidderegem Akommes wëlle mär dës Erhéijunge mat enger Zoulag kompenséieren, déi nieft der sozialer Komponent och een ekologeschen Aschlag soll kréien. Fir déi Betriber mat engem intensive Waasserverbrauch wëlle mär de Waasserpräis un déi nei Empfehlunge vum Inneminister upassen.

    D’CSV wëll virun allem versichen nei Einahmequellen ze erschléissen, déi eis Bierger weder finanziell belaaschten nach an hirer Liewensqualitéit aschränken.

    4. Politique financière responsable et durable

    Au cours du mandat qui touche à sa fin, nous avons investi 56 Mio e dans des projets d’infrastructures nouvelles. La dette communale est passée de 5,1 Mio eà 18,6 Mio e. Il importe cependant de relever qu’environ 9 Mio e constituent un préfinancement de l’acquisition de terrains destinés à des constructions de maisons par des personnes privées, à la construction de logements sociaux ainsi qu’à la réalisation de la maison « altersbetreit Wunnen » pour seniors. Ces sommes devront être récupérées au moment de la réalisation de ces projets. Notre parti est garant pour une politique financière prudente, responsable et durable.

    A l’avenir aussi, nous allons nous engager pour une politique financière responsable afin d’éviter que nos enfants et petits-enfants ne soient contraints d’apurer les dettes que nous leur aurons laissées en héritage.

    5. Fir datt jiddereen an eiser Gemeng dezent, sécher a selbstänneg ka liewen

    Mär loosse keen am Ree stoen

    D’Sécherheet vun eise Bierger läit eis besonnesch um Häerz. Iwwer den „SMS2citizen“ kënnen d’Bierger kuerzfristeg iwwer eng Katastrof an der Gemeng (Waasserverschmotzung, Iwwerschwemmungsgefor…) informéiert ginn. De Kommandant vum Pompjeescorps gouf als Sécherheetsmann an der Gemeng ugestallt. Mär wäerten och an Zukunft eis Pompjeeën, wat d’Ausbildung an d’Ausrüstung ubelaangt, ënnerstëtzen.

    An Zesummenaarbecht mat dem „Commissariat de proximité“ wäerte mär versichen d’Sécherheet an eiser Gemeng nach ze verbesseren, an de Vandalismus wäitgehendst ze bekämpfen. Am Noutfall wäerte mär, fir Vandalaktiounen ze ënnerbannen, op besonnesch ufällege Plazen mat den zoustännegen Instanzen d’Opstelle vun Iwwerwachungskameraen organiséieren. D’Astelle vun engem sougenannten „Uerdnungshidder“ fir eis Uertschaften, wëlle mer ënnerstëtzen.

    Den Téléalarm wëlle mär weider ausbauen. Besonnesch déi méi eeler Leit wëlle mär systematesch iwwer d’Grippenimpfung informéieren an se encouragéiere sech impfen ze loossen. Weider „Défibrillatore“ ginn nach do installéiert, wou der feelen an noutwenneg sinn. Se ginn all esou gekennzeechent, datt se liicht accessibel sinn. Eischthëllefcourse wëlle mär regelméisseg an der Gemeng ubidden, fir datt mär, flächendeckend iwwer eis Uertschaften, an all Haushalt wéinstens eng Persoun hunn, déi am Noutfall eng éischt Hëllef ka leeschten.

  • Eng Struktur fir senioregerecht betreit Wunne gëtt um Eck Lampecher-Reckengerstrooss zu Monnerech gebaut. Hei kënnen eeler Leit an enger betreiter Struktur, a grousser Selbstännegkeet, méi geloosse wéi doheem, fir sech wunne bleiwen. De Club Senior, dee sech iwwer Joere bewäert huet, gëtt an déi Struktur integréiert an de „repas sur roues“ soll dann och vun do aus assuréiert ginn.

    Eise „Service social“, mat deem neie Responsabelen, wäert och d‘Gestioun vun de gemengeneegene Mietswunnengen iwwerhuele soubal déi fäerdeggestalt sinn. D’Asylbewerber, déi mär an eiser Gemeng ënnerbréngen, soll hie bei der Léisung vun hiren deegleche Problemer begleeden.

    D’Gemeng wäert och an Zukunft hire legalen Obligatiounen, wat d’Beschäftegung vu Leit mat Behënnerung ubelaangt, nokommen, fir deene Matmënschen hir Onofhängegkeet esou wäit wéi méiglech ze assuréieren. Eng Ramp an d’Monnerecher Kierch, fir Leit mat Gehbehënnerung gouf geschaf, a laanscht déi renovéiert Kierchstrooss zu Monnerech ass fir d‘Leit, déi net gutt gesinn, eng Sträif fir se ze guidéieren, ugeluegt ginn. Mär wäerte weider derfir suergen, datt den Zougang zu den Trottoire fir Leit am Rollstull konsequent ugepasst gëtt.

    Am Respekt mat de betraffene Leit, an a Solidaritéit mat den anere Gemengen, wäert eis Gemeng och an Zukunft säi Bäitrag, Asylbewerber ze logéieren, leeschten, an déi Leit iwwer eise Sozialservice an hiren deegleche Problemer ënnerstëtzen a begleeden.

    5. Pour une vie en sécurité, afin que tous les citoyens puissent mener une vie décente et indépendante

    La sécurité de nos concitoyens nous tient à cœur. Nous continuerons à soutenir notre service de secours. En collaboration avec le commissariat de proximité, nous nous efforcerons d’enrayer le vandalisme. Si nécessaire, nous allons faire installer des caméras de surveillance aux endroits sensibles.

    Nous continuerons à promouvoir le téléalarme, ainsi que la campagne de sensibilisation des personnes âgées pour la vaccination antigrippe.

    Une maison « altersbetreit Wunnen » pour seniors sera réalisée au coin rue de Limpach, rue de Reckange à Mondercange. Le club senior y sera intégré, et le service repas sur roues sera assuré à partir de cette maison.

    Nous continuerons à promouvoir, au sein de notre service entretien, l’équipe de travailleurs avec handicap. Les bâtiments communaux et les trottoirs seront aménagés afin de faciliter l’accès des personnes en chaise roulante.

    La commune sera prête à accueillir aussi à l’avenir des demandeurs d’asile et ce dans un esprit de solidarité nationale. Le service social, récemment créé, et qui fonctionne à la grande satisfaction de ses bénéficiaires, accompagnera les demandeurs d’asile dans leurs problèmes journaliers.

    23

  • 24 CSV MONNERECH

    CSV-Equipe fir d’Gemengewahlen 2011

  • 25

    CSV-Equipe fir d’Gemengewahlen 2011

    v.l.n.r. Norbert HAUPERT, Jacqueline DENGLER, John SMIT, Connie MULLER-GERARD, Claude CLEMES, Alexa ENSCH-HERZIG, Jeannot FÜRPASS, Jeannot CLEMENT, Michel MARTINS DE SOUSA, Jacqueline KIEFFER-STEICHEN, Mondo VALMORBIDA, Mariette BEMTGEN-NICKELS, Tun SCHOLTES

  • 26 CSV MONNERECH

    III. Wat hu mär an deene leschte 6 Joer alles geschafft?1. Stellungnam a wichtegen Dossieren

    • Virbereedungsaarbechten um neie PAG, bedéngt duerch fälleg Upassungen um Gesetz

    • Ausschaffe vun engem Kontrakt fir d’Exploitatioun

    vun der Bauschuttdeponie zu Monnerech

    • Terrainsverhandlunge mam Groupe ArcelorMittal (Monnerecher Kopp, Vëlospiste, Terrain „Armatures“)

    • Verhandlunge mam Curateur am Dossier „Park Molter“ mat schlussendlech dem Réckkaf vun den Terrainen

    III. Réalisations de la commune au cours des six dernières années1. Prise de position dans des dossiers

    importants

    Préparation d’un nouveau Plan d’Aménagement Général (PAG) ; Exploitation de la décharge sur l’ancien crassier ; Acquisition de diverses propriétés ; Négociations concernant de nouveaux lotissements et extension des zones d’activités.

    Restauréiert Haus Bicheler mat 15 Studentewunningen

  • 27

    • Ausschaffe vun enger Positioun mat der Ënnerstëtzung vun engem Schwäizer Spezialistebüro am Dossier „Nei Eisebunnsstreck Lëtzebuerg – Esch“ an am Dossier „Kaméidi laanscht d’Autobunn A4“ mat dem Ofhale vun enger Informatiounsversammlung

    • Opkafe vu verschiddene Propriétéiten - 3 ha Bauterrain a Molter (Projet EcoWunnpark) - Haus Schmit zu Monnerech (Projet Spuerkeess)

    - Haus Carpel a Wintersdorf zu Monnerech Eck Lampecher-Reckengerstrooss (Projet altersbetreit Wunnen)

    - Haus Michel an Haff Biwer zu Monnerech (Bau vun 3 x 6 gemengeneegene Wunnengen a 15 Studentewunnengen)

    • Restauratioun vun der „Maison Bicheler“ an Zesummenaarbecht mat dem Wunnengsministère fir 15 Studentewunnengen

    • Verhandlunge betreffend d’Erweiderung vun den Industriezonen

    • Verhandlunge mat de Promoteuren iwwer d’Lotissementer „Op Kummerhéicht“ an an der Escherstrooss zu Monnerech

    • Stellungnam am Dossier Rollinger Wickreng

    2. Administratioun

    2.1 Um Niveau vum Service um Bierger

    • Upasse vun den Ouvertureszäite vun der Gemeng

    • Berodung - Méiglechkeet zur Energieberodung - Juristesche Bäistand

    • Gestioun vum Offall - Aféierung vun der Papeierkollekt (poubelle

    bleue) - Ubidde vu geschlossene Glascontainer - Verlängerung vun der Kollekt vun der „grénger

    Poubelle“ bis an de November

    • Informatioun um Bierger - Nei Opmaachung vum Gemengebuet - Schoulbuet fir d’Eltere vun de Schoulkanner - Modernen „Outlook“ a besser Funktionalitéite

    vun der „Gemengen-Internetsäit“ - Bäitrëtt zu „macommune.lu“ - Aféiere vum „Sms2citizen“ (Informatioun

    iwwer Handy un d’Bierger)

    • Ofhale vun Informatiounsversammlunge bei all wichtegen Dossieren

    2.2 Um Niveau vun den Infrastrukturen

    • Erneierung vum Gemengesitzungssall zu engem modernen a funktionelle Raum

    • Schafung vun engem performanten Internetreseau

    • Amenagement vun enger Receptioun

    27

    Nei Receptioun an der Gemeng Neie Gemengesitzungssall

  • 28 CSV MONNERECH

    • Schafe vun 4 zousätzleche Büroen um Niveau vum 2te Stack

    • Astandsetze vum Haaptgebai an den Dependancen (Ateliers communaux)

    • Upasse vun de Vestiairen an de Sanitärsanlagen un déi aktuell Personalsituatioun

    • Equipéiere vu sämtleche Gemengegebaier mat enger zentraler Schliessanlag

    • Amenagement vun engem Dépôt um fréieren Terrain „Kralj“

    2.3 Um Niveau vun de Servicer

    • Restructuratioun an alle Beräicher an Upassung un déi nei Erausfuerderunge mat der Schafung vu folgende Servicer

    - Receptioun - Service scolaire et d’accueil - Service des Relations Publiques - Service Urbanisme - Service Réseaux et Infrastructures - Service Bâtiments communaux - Service Régie, Entretien et Espaces verts - Service GIM (Gestionnaire des services sociaux

    et d’Intergénération de la commune de Mondercange asbl)

    - Verstäerkung vum Service Entretien et Espaces verts

    - Schafe vun enger Équipe mat behënnerte Mataarbechter

    • Aféierung vum „Horaire mobile“ am Beräich vun der Administratioun

    2.4 Um Niveau vum Personal

    • Astellungen - 1 Architektin - 1 Sécherheetsbeamten - 1 Ingénieur technicien - 1 Expéditionnaire technique - 1 Receptionistin - 1 Assistant social - 1 Beamte fir „relations publiques“ - 1 Chefgäertner

    2. Administration

    Diverses modernisations réalisées à la maison communale et à ses dépendances ; aménagement d’un entrepôt unique sur l’ancien terrain « Kralj ».

    Restructuration de tous les services et adaptation aux nouveaux besoins des citoyens. Renforcement du personnel de divers services. Engagement de nouveau personnel clé (architecte, assistant social, responsable à la sécurité…).

    Adaptation des heures d’ouverture des services communaux aux besoins du citoyen. Conseils gratuits dans les domaines juridiques, environnementaux et autorisations de bâtir.

    Amélioration de l’information aux citoyens : site internet ; « Sms2citizen » (information du citoyen à travers le téléphone mobile).

    Gemengendépôt um fréieren Terrain „Kralj”

  • 29

    3. Schoul

    3.1 Organisatioun

    • Schafe vun engem Responsabele vum Service Scolaire

    • Aféierung vun enger „Cellule d’assistance” mat 1 Psychopädagog an 2 Educateuren

    • Ofhale vun engem „Cours d’intégration”

    • Integratioun vun 2 „classes de cohabitation” aus der Education différenciée vun Esch/Lalleng

    • Projet vun 2 Klassen „Team-teaching“

    • Organisatioun vum Schülertransport ënnert eegener Regie (Maison Relais Commune Mondercange)

    • Ausbau vun der Informatik an de Schoule mat eegenem Internetsite

    • Asetze vun engem „Comité d’école“ an Ausschaffe vun engem „Plan de Réussite Scolaire“ op Grond vum neie Schoulgesetz

    • Förderung vun „Art à l’Ecole“

    • Fonctionnement vum Schoulrestaurant an eegener Regie (MRCM)

    3.2 Infrastrukturen

    • Monnerech - Fäerdegstellung vun der Schwemm - Verbesserung vun der Ventilatioun an Ersetze

    vum Buedembelag an der Spillschoul - Amenagement vun enger Spillplaz - Ustrach vun der Grondschoul an der Spillschoul

    • Steebrécken/Biergem - Astandsetzung vum ale Schoulgebai (Sanitär,

    Elektresch, Heizung an Isolatioun) - Ofrappe vun der schlecht sanéierbarer

    Spillschoul zu Steebrécken - Neibau vun engem Spillschoulstrakt mat 3

    Klassesäll a 4 Klassenzëmmer fir d’Grondschoul - Astandsetzung vum Spillschoulshaff zu

    Steebrécken - Ersetze vun der elektrescher Heizung zu

    Biergem

    3. Enseignement

    3.1 Organisation

    Engagement d’un responsable du service scolaire ; création d’une cellule d’assistance ; intégration de 2 classes de cohabitation ; extension de l’informatique à l’école ; promotion de l’art à l’école.

    3.2 Infrastructures

    Réalisation d’importants travaux d’entretien ; construction d’une nouvelle aile pour le préscolaire à Pontpierre.

    Spillplaz, Spillschoul Monnerech

    Nei Spillschoul Steebrécken

  • 30 CSV MONNERECH

    4. Ausserschoulesch Betreiung

    4.1 Organisatioun

    • Creatioun vun der „Maison Relais de la Commune de Mondercange“ (MRCM)

    • Sozial Staffelung vun de Betreiungspräiser

    • Fonctionnement vu mueres 7.00 bis owes 19.00 Auer

    • Ëmsetze vun de „Chèques-service“

    • Aféierung vum Projet-pilote „MUMO“ (Multisports Monnerech) an Zesummenaarbecht mat dem Familljeministère, dem Sportsministère an de Veräiner, déi qualifizéiert Trainer stellen

    • Ubidde vun Hausaufgabenhëllef

    4.2 Infrastrukturen

    • Monnerech (124 Plazen) - Foyer am Duerf : 52 Plazen - Um Weier: Schafe vun 72 zousätzleche Plazen

    duerch den Embau vun der fréierer Spillschoul

    • Steebrécken - Bau vun enger Maison Relais fir 162 Kanner

    4. Encadrement extrascolaire

    4.1 Organisation

    Création de la structure « Maison Relais Commune de Mondercange » (MRCM) ; création d’un service d’accueil qui fonctionne de 7.00 à 19.00 heures ; tarif échelonné sur base de critères sociaux ; création du service « MUMO » (multisports Mondercange) ; offre d’aide aux devoirs à domicile.

    4.2 Infrastructures

    Création de 124 places d’accueil à Mondercange ; construction d’une maison relais à Pontpierre (capacité 162 enfants).

    Maison Relais „Um Weier” zu Monnerech

    Maison Relais zu Steebrécken Pumptrackpist

  • 31

    5. Sport

    • Astandsetzung vum Buedembelag an der Sportshal zu Monnerech

    • Fäerdegstelle vun der Schwemm

    • Ënnerstëtzung vun neie Sportaarten - Tennis - Schwammen - Futsall

    • Bau vun enger „Pumptrackpiste“ zu Monnerech

    • Opwäertung vun der Sportleréierung

    6. Kultur

    6.1 Infrastrukturen

    • Bau vum neie Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem

    • Amenagement vun der Duerfplaz zu Monnerech

    6.2 Allgemeng Aktivitéiten

    • Aféierung vum klenge „Monnerecher Kulturprogramm“

    • Organisatioun vun enger „Fête scolaire et populaire“ • „Public-Viewing“ op der neier Duerfplaz an

    Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner

    • Organisatioun vun engem Frëschmaart op der neier Duerfplaz

    6.3 Aktivitéiten an enker Zesummenaarbecht mat der Kultur- a Sportskommissioun

    • Organisatioun vum Cäcilieconcert

    • Ofhale vu Coursen „Eis Sprooch richteg schreiwen“

    • Organisatioun vun engem Hobby- a Konschtmaart

    • Aféierung vun der „Journée de rencontre“

    5. Sport

    Achèvement de la piscine ; soutien de nouvelles disciplines sportives (tennis, natation, futsall) ; revalorisation de l’hommage public aux sportifs méritants ; soutien des équipes des jeunes.

    6. Culture

    6.1 Infrastructures

    Construction d’un centre culturel à Bergem ; aménagement d’une place pour fêtes associatives à Mondercange.

    6.2 Activités

    Création d’un programme culturel ; introduction d’une journée de rencontre ; organisation d’une fête scolaire et populaire ; création d’un marché « art et hobby » ; organisation d’un marché public.

    Schwemm „Pimodi“ Neie Kulturzenter zu Biergem

  • 32 CSV MONNERECH

    Circuit pédestre an Eisings zu Monnerech

  • 33

    7. Ëmwelt

    • Upassung vu verschidde bestehende Gemengegebaier an de Neibauten un de Niddregenergiestandard.

    • Exploitatioun vun enger Cogeneratiounsanlag zu Monnerech.

    • Systematescht Ersetze vun den elektreschen Heizungen an de Gemengegebaier.

    • Ubidde vun enger Energieberodung.

    8. Fräizäit a Jugend

    8.1 Fräizäit

    • Realisatioun vun 2 neie „Circuits Pédestres” zu Monnerech (an Eisings, Zare/Monnerecher Kopp)

    • Opstelle vu Bänken an der ganzer Gemeng an Zesummenaarbecht mat der A.P.E.M.H. vu Betten un der Mess

    • Kaf vun Terraine bei der Bauschuttdeponie fir d’Realisatioun vun engem Vëlosparcours zu Monnerech

    • Uleeë vun 2 Petanquespisten zu Monnerech

    • Fäerdegstelle vum neie Scoutschalet

    8.2 Kanner a Jugend

    • Realisatioun vun enger „Pumptrackpiste“ zu Monnerech

    • Bau vun enger klenger „Rollerbladespiste“ op der Monnerecher Kopp

    • Uleeë bzw. Astandsetzung vu Spillplaze fir eis Kanner - Zu Monnerech

    am Zentrum op der Monnerecher Kopp op Féileschter um Weier

    - Zu Steebrécken bei der Spillschoul

    - Zu Biergem beim neie Centre Culturel beim Fuurtwee

    7. Environnement

    Assainissement des bâtiments publics ; exploitation d’une installation de cogénération ; remplacement systématique du chauffage électrique dans les bâtiments publics ; offre d’un conseil en énergie.

    8. Jeunesse et loisirs

    Amélioration des chemins pédestres ; réalisation de 2 nouveaux circuits pédestres ; aménagement de bancs de repos ; réalisation d’une piste « Pumptrack » et d’une piste pour « rollerblade » ; aménagement et amélioration d’aires de jeux pour enfants.

    Spillplaz op Féileschterkëppchen Neie Scoutschalet

  • 34 CSV MONNERECH

    9. Kult

    9.1 Monnerech

    • Erneierung vun der Kierchentrap

    • Ersetze vun der Kierchenauer

    • Realisatioun vun engem behënnertegerechten Zougang zur Kierch

    • „Mise en valeur“ vun de Monumenter rondrëm Kierch

    • Opwäertung vun der Kierch duerch den Amenagement vun der neier Plaz am Zentrum

    9.2 Steebrécken

    • Ustrach vun der Kierch

    • Neigestaltung vun der Plaz niewent der Kierch mat engem Waasserspill a Parkplazen

    9. Culte

    Entretien des églises ; aménagement d’une rampe pour personnes en chaise roulante à l’entrée de l’église de Mondercange ; mise en valeur des monuments autour de l’église de Mondercange.

    Aménagement de la place à côté de l’église de Pontpierre avec création d’emplacements de parking.

    Plaz niewt der Kierch zu Steebrécken

  • 35

    10. Soziales, drëtten Alter an Immigratioun

    10.1 Infrastrukturen

    • Ausschaffe vum Projet altersbetreit Wunnen mat 26 Wunnengen op der Kräizung Lampecher-Reckengerstrooss zu Monnerech

    • Projet vun 18 gemengeneegene Wunnengen zu Monnerech an der Reckengerstrooss

    • Locatioun vum Monnerecher Paschtoueschhaus fir Asylbewerber

    • Restauratioun vum fréiere Steebréckener Paschtoueschhaus fir de CIGL

    10.2 Office Social

    • Schafe vun engem neien Office Social mat der Astellung vun engem Assistant social

    • Upasse vun der „Allocation de vie chère“ fir bedüerfteg Leit

    • Aféierung vun enger Sozialkomponent bei de Gemengentaxen

    10.3 Créatioun vum „GIM” (Gestionnaire des services sociaux et d’Intergénération de la Commune de Mondercange) mat der Betreiung vu folgende Servicer

    • Club Senior

    • Repas sur roues

    • Altersbetreit Wunnen

    • Gestioun vun de Gemengewunnengen

    • Ausschaffe vun de Verkaafsbedingunge vun de Gemengebauplazen

    10. Social, troisième âge et immigration

    10.1 Infrastructures

    Projet pour 26 appartements pour personnes âgées indépendantes mais partiellement encadrées (altersbetreit Wunnen) ; Projet pour 18 logements sociaux appartenant à la commune ; location du presbytère de Mondercange pour logement de demandeurs d’asile.

    10.2 Office social

    Création d’un nouvel office social ; adaptation de l’allocation de vie chère ; introduction d’une composante sociale pour les taxes communales.

    10.3 Divers

    Revalorisation de la fête pour seniors ; création de l’asbl « Monnerech hëlleft » pour soutenir des projets ciblés dans le tiers monde ; création d’un gestionnaire des services sociaux et d’intergénération de la Commune de Mondercange (GIM) ; soutien des mesures d’emploi (CIGL/ProActif).

    Projet altersbetreit Wunnen zu Monnerech

    Projet soziale Wunnengsbau zu Monnerech

  • 36 CSV MONNERECH

    10.4 Animatioun

    • Neigestaltung vun der Rentnerfeier

    10.5 Servicer

    • Gratis Grippenimpfung

    10.6 Creatioun vun der asbl „Monnerech hëlleft”

    • Gezielt Ënnerstëtzung vu Projeten an der drëtter Welt

    10.7 Beschäftegungsmoossname CIGL/ProActif

    • CIGL - Schafe vun enger adaptéierter Infrastruktur zu

    Steebrécken - Ausbau vun den Aktivitéite fir eeler Awunner - Fleegen a Botze vun der Industriezone zu Féiz

    am Kader vun engem gemeinsame Projet mat de Geschäftsleit

    • ProActif - Ënnerstëtzung vun der Gäertnerséquipe - Bedreiwe vun der Crèche „Pimpampel“ am

    „Haus Schuh“

    Crèche „Pimpampel“ a Crèche „Wibbeldewapp“ am renovéierten „Haus Schuh“ de CIGL am fréiere Paschtoueschhaus zu Steebrécken

    Rentnerfeier zu Monnerech

  • 37

    11. Infrastrukturen

    11.1 Stroossen

    • Monnerech - Fäerdegstellungen:

    Rue d’Esch Grand-rue

    - Erneierungen: Rue de Limpach Cité Molter Rue Neuve Rue de Pontpierre (ieweschten Deel) Rue des Bois (Aarbechten an Ausféierung)

    • Féiz - Fäerdegstellung vun der Rue Théodore de

    Wacquant an der Rue J. P. Bicheler

    • Biergem - Erneierung vun der Haaptkräizung - Neie Belag an der Rue des Prés

    • Steebrécken - Erneierung vun der Rue de Luxembourg an der

    Route d’Europe (ieweschten Deel)

    11.2 Feldweeër

    • Regelméisseg Astandsetzung vun de Feldweeër an der Gemeng

    11.3 Gas

    • Monnerech - Rue de Pontpierre (ieweschten Deel) - Op Mauserueck - Op Blach - Rue de l’église - Rue des Bois (an Ausféierung)

    • Féiz - Biirkewee

    • Biergem - Rue des Champs - Cité Raedelsbësch - Stéewee

    • Steebrécken - Huelgaass - Route d’Europe

    11. Infrastructures

    11.1 Routière

    Réaménagement des rues de Limpach, de Pontpierre (partie en amont), des Bois, Neuve et Cité Molter à Mondercange, des rues Théodore de Wacquant et J.P.Bicheler à Foetz, de la rue des Prés à Bergem ainsi que de la rue de Luxembourg et de la route d’Europe (partie en amont) à Pontpierre.

    11.2 Gaz

    Installation du réseau gazier dans les rues de Pontpierre, de l’église, des bois, op Mauserueck et op Blach à Mondercange, dans la rue Bierkewee à Foetz, dans la rue des champs, le Stéewee et la cité Raedelsbësch à Bergem ainsi que la Huelgaass et la route d’Europe à Pontpierre.

    11.3 Antenne collective

    Modernisation du réseau ; distribution gratuite d’un décoder ; possibilité pour le client d’utiliser le réseau pour l’internet ou le téléphone.

    Rue de Limpach Monnerech Rue Neuve Monnerech

  • 38 CSV MONNERECH

    11.4 Kanalisatioun an Ofwaasser

    • Monnerech - Bau vun 2 Deversoiren am Zentrum - Assainissement vun der „Kazebaach“

    • Féiz - Bau vun engem „Bassin d’orage“

    • Biergem

    - „Bassin d’orage“ an Ausféierung

    11.5 Kollektivantenne

    • Modernisatioun vum gemengeneegenen Antennennetz duerch Glasfaserkabel op den Haaptachsen, a performante Koaxkabel op den Niewesträng

    • Gratisverdeelung vun engem Decoder u sämtlech Abonnenten aus der Gemeng, fir Digitaltelevisioun empfänken ze kënnen

    • Méiglechkeet d’Antennennetz als Zougang zum Internet an Telefon ze benotzen

    • Taxe vun 12 e de Mount begräift sämtlech Niewekäschten an ass mat déi bëllegst am ganze Land

    11.6 Kierfechter

    • Ausschaffe vun engem Konzept fir déi 3 Kierfechter aus eiser Gemeng

    Rue de Luxembourg Steebrécken

  • 39

    12. Opwäertung a Verschéinerung vum Duerfkär

    12.1 Monnerech

    • Opstelle vun engem Masterplang fir den Zentrum

    • Neigestaltung vum Duerfkär mat Uleeë vun engem Park

    - Berouegung vun der Rue de l’Eglise - Amenagement vun enger neier Struktur fir

    d’Crèche „Wibbel de Wapp“ - Isolatioun vum Haus „Schuh“ (Crèche Proactif) - Opwäertung vun der klasséierter Monnerecher

    Kierch

    • Amenagement vun enger neier „Duerfplaz“ mat allen néidegen Équipementer

    - Fir all eis Veräiner - Fir offiziell Uläss wéi den Nationalfeierdag an

    d’Journée Commémorative - Neklosfeier - „Public-Viewing“ bei groussen Evenementer - Ofhale vum lokale Frëschmaart - Kaf vum Haus „Schmit“ a Weiderverkaf

    un d’Spuerkeess mat der Oplag bei den Astandsetzungsaarbechten de fréieren Duerfcharakter ze erhalen

    • Realisatioun vum éischten Deel vun der neier Chrëschtbeleuchtung

    Duerfkär Monnerech

    CSV Summerfest op der neier Duerfplaz

  • 40 CSV MONNERECH

    12.2 Biergem

    • Bau vum neie Centre Culturel „Beim Nëssert“

    • Uleeë vun engem Parking mat ronn 60 Plazen

    12.3 Steebrécken

    • Schafe vun engem Parking mat Waasserspill op der Plaz vum fréiere Pompjeesbau

    12.4 Féiz

    • Opwäertung vun der Zone commerciale duerch d’Realisatioun vun enger Chrëschtbeleuchtung

    Centre culturel „Beim Nëssert” zu Biergem

  • 41

    12. Revalorisation du centre village

    Revalorisation du centre de Mondercange avec aménagement d’un petit parc et d’une place pour fêtes associatives.

    Création d’un centre culturel à Bergem avec aménagement d’une aire de jeux.

    Aménagement d’une place publique près de l’église à Pontpierre et revalorisation de la zone d’activité à Foetz.

  • 42 CSV MONNERECH

    Rond point zone commerciale zu Féiz

    13. Ëffentlechen Transport

    13.1 Schülertransport

    • Verbesserunge fir de Schülertransport op Esch an an d’Stad

    • Encadrement vum lokale Schülertransport duerch eegent Personal

    13.2 Linnen 307 (CFL) a 17 (TICE)

    • Ëmleedung vun der Linn 307 Bettembourg – Esch iwwer Biergem, Steebrécken, Féiz a Schëffleng

    • Schafung vun der Linn 17 (TICE) vun Esch iwwer Monnerech op Steebrécken am Hallefstonnentakt

    13.3 Uschléisse vu weidere Wunnquartieren un den ëffentlechen Transport

    • Monnerech - Rue d’Ehlerange - Rue de la Colline/Reckange/Neudorf - Rue de Pontpierre

    • Steebrécken/Féiz - Am Armschlag - Rue de Mondercange - Rue Th. De Wacquant, du Soleil, Biirkewee - Centre Pontpierre

  • 43

    13.4 Busarrêten

    • Systemateschen Ausbau vun de Busarrêten

    13.5 Informatioun um Bierger

    • Gratisverdeelung un all Haushalt aus der Gemeng vun engem iwwersiichtleche Plang mat den Horairë vun de Buslinnen

    13.6 Weideres

    • Organisatioun vum „Latenightbus“ bei verschiddenen Evenementer

    • Aféierung vum „Nightrider“

    • Subventionéierung vun der JUMBO’s Kaart zu 25%

    13. Transport public

    Le transport scolaire a été amélioré ; de nouvelles lignes de bus ont été aménagées et de nombreux quartiers supplémentaires ont été reliés au transport en commun.

    Vue op d‘Zone d‘activités Féiz

  • 44 CSV MONNERECH

    14. Sécherheet

    14.1 Pompjeeswiesen

    • Fäerdegstellung vum neie Pompjeesbau

    • Nei Acquisitioune vun engem MTW an engem MZW

    • Ersetze bzw. Kafe vu Pompjeesmateriel

    • Ënnerstëtzung bei de Weiderbildungscoursen

    • Berécksichtigung vu Pompjeeë beim Astelle vu Personal op der Gemeng

    • Astelle vun engem Sécherheetsmann op der Gemeng, och zoustänneg fir de Fonctionnement vum Pompjeescorps

    14.2 Stroosseverkéier

    • Opstelle vu „Vitesse-Meldungssystemen“ am Agang vun allen Uertschaften

    • Ervirhiewe vun den „Zebrasträifen“

    • Opstelle vu Poteauen op de Bord vun Trottoire bei geféierleche Plazen, fir d’Sécherheet vun de Foussgänger ze verbesseren

    • Realisatioun vun engem sécheren Zougangswee vun der rue des Bois zum Fussballsterrain mat Beliichtung

    14. Sécurité

    Le Centre de secours à Pontpierre a été achevé ; le matériel des secours a été renouvelé ; engagement d’un responsable pour la sécurité qui est également en charge du fonctionnement du corps des pompiers ; aménagement d’une signalisation automatique de vitesse à toutes les entrées des localités.

    Neie Pompjeesbau zu Steebrécken

  • 45

    Duerfplaz zu Monnerech

  • Biergem: Vue op d‘Kierch, de neie Centre Culturel an d‘Spillplaz

  • 39

  • CSV. E séchere Wee.

    D’Kandidatinnen an d’Kandidate vun der CSV MONNERECH fird’Gemengewahlen den 9. Oktober 2011Les candidates et les candidats du Parti Chrétien Social pourles élections communales du 9 octobre 2011

    Mondo VALMORBIDA

    57 Joer, Monnerech,Bestuet a Papp vun 2 Kanner

    Gemengeviraarbechter e. r.

    Mariette BEMTGEN-NICKELS

    52 Joer, Biergem,Bestuet a Mamm vun 2 Kanner

    Hausfra

    Member vun derKultur- a Sportkommissioun

    Trésorier vumCTF Biergem-Steebrécken

    Jeannot CLEMENT

    59 Joer, Biergem,Papp vun 2 Kanner

    Gemengesekretär vun der Stad Esch

    Sekretär vum CSV Südbezirk

    Vizepresident vun der UGDA

    President vun der Chorale „Lidderfrënn Monnerech“

    Claude CLEMES

    36 Joer, Biergem,Papp vun engem Kand

    Avocat à la Cour

    Vizepresident vun der CSV- Sektioun Gemeng Monnerech

    Member vun der Bautekommissioun

    Member vum CSV Südbezirk

    Jacqueline DENGLER

    28 Joer, Biergem,Célibataire

    Assistante technique médicale de laboratoire vun der ZITHA-Clinique

    Norbert HAUPERT

    71 Joer, MonnerechDeputéierten

    Conseiller vun der Gemeng Monnerech

    President vum Kiercherot Monnerech

    Éirepresident vum COSL

    Alexa ENSCH-HERZIG

    52 Joer, Monnerech,Wittfra a Mamm vun 2 Kanner

    Lasertherapeutin

    Member vun der Sozialkommissioun

    Jacqueline KIEFFER-STEICHEN

    60 Joer, Monnerech,Bestuet a Mamm vun 2 Kanner

    Spillschoulsjoffer e. r.

    Michel MARTINS DE SOUSA

    35 Joer, Monnerech,Célibataire

    Bankemployé bei der Spuerkeess

    President vun der Finanzkommissioun

    Trésorier vun der CSV Monnerech

    Nationaldelegéierte vun der CSV

    Connie MULLER-GERARD

    45 Joer, Biergem,Bestuet a Mamm vun 3 Kanner

    Hausfra

    Presidentin vun der CSF-Sektioun Gemeng Monnerech

    Member vum CSF Südbezirk

    Tun SCHOLTES

    48 Joer, Monnerech,Papp vun 3 Kanner

    Bankemployé bei der Dexia-BIL

    Fréiere Fussballspilleran engagéierte Fussballtrainer

    John SMIT

    54 Joer, Biergem,Bestuet a Papp vun 3 Kanner

    Médecin spécialisteam Centre Hospitalier Lëtzebuerg

    Chargé de cours a Membervun der Examenskommissiounvum „Lycée technique desProfessions de Santé“

    Jeannot FÜRPASS

    52 Joer, Monnerech, Papp vun 2 Kanner

    Ingénieur industriel bei der CFL

    Schäffe vun der Gemeng Monnerech

    President vun der CSV- Sektioun Gemeng Monnerech

    CSV WahlversammlungenNo dem Spëtzekandidat senger Begréissung stinn Iech eis Kan-didate Ried an Äntwert zu eisem Bilan an eisem Wahprogramm

    Kommt an informéiert Iech!

    Donneschdeg, den 29. September um 19.30 Auer am neie Centre Culturel „beim Nëssert“ zu Biergem

    Donneschdeg, de 6. Oktober um 19.30 Auer am Centre Arthur Thinnes zu Monnerech